(486958) Arrokoth
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den (486958) 2014 MU69, am Ufank vun den New Horizons- an Hubble-Ekippen: 1110113Y a PT1 (Potential Target 1), oder och nach Ultima Thule (aus dem lat. Plaz déi am wäitsten ewech ass) genannt ass e Cubewano. Am August 2015 gouf hien als Zil vun der Sond New Horizons fir Ënnersich erausgersicht, nodeem se schonn d'Plutosystem ënnersicht hat. D'Sond ass den 1. Januar 2019 laanscht den Asteroid geflunn. Den 2014 MU69 huet eng Ëmlafzäit vu ronn 293 Joer, säin Duerchmiesser gëtt mat 25 bis 45 Kilometer uginn an déi visuell Magnitude ass 26,8M Seng Bunn ass bal kreesfërmeg a steet nëmmen e bëssi schréi géint d'Ekliptik.
Séier Fakten Eegenschafte vum Orbit, Orbittyp ...
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | transneptuneschen Objet (TNO) |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 44 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,04 |
Sideresch Ëmlafzäit | 293 a |
Inklinatioun | Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 30–45 km&thinsp |
Rotatiounsperiod | h |
Albedo | 0,04–0,10 |
Absolut Hellegkeet | zirka 9M |
Entdeckung | |
Entdecker | Hubble-Weltraumteleskop |
Entdeckungsdatum | 26. Juni 2014 |
Plaz | Hubble-Weltraumteleskop |
Aner Bezeechnungen | 1110113Y |
Zoumaachen