![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/6/67/Sidereal_day_%2528prograde%2529.png/640px-Sidereal_day_%2528prograde%2529.png&w=640&q=50)
Sideresch Ëmlafzäit
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Sideresch Period ass d'Zäit, déi en Himmelskierper fir eng vollstänneg Ëmdréiung brauch.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/6/67/Sidereal_day_%28prograde%29.png/320px-Sidereal_day_%28prograde%29.png)
Den Numm leet sech vum laténgesche sidus (Geenitiv: sideris) „Stär“ of, well eng vollstänneg Ëmdréiung der Kulminatioun vun engem onendlech wäite Fixstär entsprécht, déi sech ëmmer widderhëlt.
Bezunn op d'Äerd ass e sidereschen Dag méi kuerz wéi ee biergerlechen Dag (mëttlere Sonnendag) an e siderescht Joer méi kuerz wéi e biergerlecht Joer, well d'Äerd der visueller Beweegung vun der Sonn hannendru leeft.
- Am Diagramm mécht d'Äerd vu Positioun 1 no 2 eng vollstänneg Ëmdréiung relativ zu engem onendlech wäite Stär (lénkse Feil). Déi selwecht Ausriichtung op d'Sonn (Synodesch Period) erreecht si awer eréischt bei Positioun 3.
Och déi tropesch Period (Stärendag, tropesche Mount, tropescht Joer) sinn eppes méi kuerz, well de Bezugspunkt Fréijoerspunkt net plazgebonnen ass wéi en (onendlech wäite) Fixstär, mä sech ëm 360/25800 = 0,014 Grad pro Joer = 50" verréckelt.