Kulminatioun (Astronomie)
From Wikipedia, the free encyclopedia
Als Kulminatioun (lat. culmen = Spëtzt) gëtt an der Astronomie den Zäitpunkt fir déi héchst (iewescht Kulminatioun) oder déi déifst (ënnescht Kulminatioun) deeglech Lag vun engem Himmelskierper op senger visueller Kreesbunn um Himmel bezeechent. De Begrëff gëtt och fir déi béid Lage selwer gebraucht.
Den Héichtewénkel ass negativ, wann d'Kulminatioun ënner dem Horizont geschitt an net ze gesinn ass. Dat betrëfft am Allgemengen déi ënnescht Kulminatioun.