Joer
Zäitspan vun engem Ëmlaf vun engem Himmelsobjet / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Joer (lat. annus) ass eng Zäiteenheet.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Jee no Definitioun ass e Joer vun ënnerschiddlecher Dauer:
- Aus Siicht vum physikalesche Miesswiese stellt e Joer e gewësst Villfacht vun der SI-Basiseenheet Sekonn duer.
- Am Kalenner ginn d'Jore fir d'Zäitandeelung gebraucht. An eisem Kalenner dauert e normaalt Joer 365 Deeg (366 Deeg bei engem Schaltjoer).
- Phenomeenologesch Jore representéieren den Zyklus vu véier Joreszäiten. Si orientéiere sech meeschtens u bestëmmten Naturereegnesser am Oflaf vum Joer.
- E Joer ass am astronomesche Sënn eng Zäitspan vun engem vollstännegen Ëmlaf vun engem Himmelsobjet. Am engste Sënn ass mat „Joer“ nëmmen d'Äerdjoer gemengt: Et dauert jee no Definitioun 365¼ Deeg.
De Begrëff „Joer“ ass d'Bezeechnung fir eng Zäitmooss, souwuel wéi fir eng Zäitspan an och vun Zäitpunkten am Kalennersystem:
- Beispillsweis gouf de Physiker Albert Einstein am Joer 1879 (Zäitpunkt) gebuer a 1955 gestuerwen am Alter vu 76 Joer (Zäitspan).