![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/c/c0/TheTransneptunians_73AU.svg/langlb-640px-TheTransneptunians_73AU.svg.png&w=640&q=50)
Transneptuneschen Objet
Objet am Sonnesystem, deen a méi engem groussen Ofstand ronderëm d'Sonn kreest wéi den Neptun / From Wikipedia, the free encyclopedia
Als transneptuneschen Objet (TNO) bezeechent een en Himmelskierper, dee sech baussenzeg vun der Neptunëmlafbunn, ëm d'Sonn beweegt.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/c/c0/TheTransneptunians_73AU.svg/640px-TheTransneptunians_73AU.svg.png)
Well ugeholl gëtt, datt déi meescht TNO an der Kuiperceinture sinn, gëtt de Begrëff Kuiperceintureobjet (KBO, och Kuiper Belt Object) och synonym fir transneptuneschen Objet gebraucht. Bis 2011 waren e puer honnert TNO bekannt, et gëtt awer nach e puer zéngdausend Objeten ugeholl, mat engem Duerchmiesser vun iwwer 100 km.