![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/4/41/2012da14-news174.jpg/640px-2012da14-news174.jpg&w=640&q=50)
(367943) Duende
Asteroid / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den (367943) Duende (provisoresch Bezeechnung: 2012 DA14) ass en Äerdnoen Asteroid aus der Grupp vun den Aten-Asteroiden, dee bis de 15. Februar 2013 zu den Apollo-Asteroide gezielt huet. E gouf den 23. Februar 2012 um OAM Observatoire vu La Sagra a Spuenien entdeckt. En huet e geschaten Duerchmiesser vu 46 Meter (no aneren Donnéeën: 58 Meter[1]) an eng Mass vu ronn 130.000 Tonnen.
Séier Fakten Eegenschafte vum Orbit, Orbittyp ...
![]() | |
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Aten-Asteroid |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 1,0018 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,1081 |
Sideresch Ëmlafzäit | 1,00 a |
Inklinatioun | 10,3369 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | zirka 46 m |
Mass | zirka 130.000.000 kg |
Absolut Hellegkeet | 24,4M |
Entdeckung | |
Entdecker | Observatorio Astronómico de La Sagra |
Entdeckungsdatum | 23. Februar 2012 |
Plaz | Observatorio Astronómico de La Sagra |
Zoumaachen