(21) Lutetia
Asteroid From Wikipedia, the free encyclopedia
Asteroid From Wikipedia, the free encyclopedia
Den (21) Lutetia ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture, deen de 15. November 1852 vum Hermann Mayer Salomon Goldschmidt vu sengem Wunnengsbalkon aus entdeckt gouf. Den Numm Lutetia bezitt sech op de kelteschen Numm vu Paräis.
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Haaptceintureasteroid |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 2,436 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,1629 |
Sideresch Ëmlafzäit | 3 Joer 293 Deeg |
Mëttel Bunnvitess | 19,0 km/s |
Inklinatioun | 3,06 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 121 × 101 × 75 km |
Mass | ≈ 1,7 • 1018 |
Mëttel Dicht | ≈ 3,4 g/cm3 |
Rotatiounsperiod | 8 Stonnen 10 Minutte |
Albedo | 0,22 |
Absolut Hellegkeet | 7,35 |
Spektralklass | M |
Entdeckung | |
Entdecker | H.M.S. Goldschmidt |
Entdeckungsdatum | 15. November 1852 |
Plaz | Paräisser Observatoire |
De Lutetia war ee vun den éischten Asteroiden, déi als M-Typ-Asteroid klassifizéiert goufen. Allerdéngs huet de Lutetia eng fir en M-Typ-Asteroid ongewéinlech niddreg Radar-Albedo.
Den 10. Juli 2010, 17:45 MESZ gouf den (21) Lutetia wärend der zweeter Passage vum Haaptasteroidenceinture vun der Raumsond Rosetta op engem Ofstand vun 3162 km mat enger Relativvitess vu 15 km/s passéiert[1]. Wärend dem Laanschtfluch war den (21) Lutetia 455 Millioune km vun der Äerd ewech souwéi 407 Millioune km vun der Sonn. Den 18.10 h gouf et eng Liveiwwerdroung vum Manöver am Kontrollzentrum ESOC vun der ESA zu Darmstadt. Éischt Biller vum Laanschtfluch louche géint 23 h vir. (21) Lutetia war domat de gréissten Asteroid, dee Besuch vun enger Weltraummissioun erhalen hat, bis déi Raumsond Dawn am Juli 2011 an en Orbit ëm déi däitlech gréisser (4) Vesta ageschwenkt hat.
Den Asteroid gouf souwuel mat der OSIRIS-Kamera, wéi och mat dem VIRTIS-Spektrometer ënnersicht. Zwou Stonne virun dem Rendez-vous hat d'Kamera mat fotograféieren ugefaangen. Och nom Passage goufen nach Biller opgeholl.
Éischt Auswäertunge vun de Biller an der Nuecht vum 10. op den 11. Juli 2010 haten erginn, datt den (21) Lutetia risege Krateren huet, Graten an Äerdrutscher souwéi e puer honnert Meter grouss Fielsen, wat op eng zimmlech beweegt Geschicht hindeit[1].
Stationär da réckleefeg | Oppositioun | Opposition Distanz | Oppositioun Hellegkeet | Stationär da rechtleefeg | Konjunktioun |
---|---|---|---|---|---|
1. Februar 2014 | 21. Mäerz 2014 | 1,76440 | 11,0 | 14. Mee 2014 | 10. August 2013 |
6. Juli 2015 | 13. August 2015 | 1,03631 | 9,3 | 22. September 2015 | 17. November 2014 |
21. November 2016 | 10. Januar 2017 | 1,71894 | 10,8 | 1. Mäerz 2017 | 12. Mee 2016 |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.