Den Émile (oder Emil) Marx, gebuer den 1. November 1899 zu Déifferdeng, a gestuerwen den 2. November 1964, war e lëtzebuergesche Journalist, Auteur a Libraire.
Émile Marx | |
---|---|
Gebuer | 1. November 1899 |
Gestuerwen | 2. November 1964 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Journalist |
An der Tëschekrichszäit huet hien eng kuerzlieweg Filmzäitschrëft, Hollywood, erausginn an huet and er Junge Welt kuturkritesch Artikele geschriwwen. Och am Escher Tageblatt an an der A-Z Luxemburger Illustrierte, an dono, vun 1936-1940, an der Neue Zeit, huet hie reegelméisseg Artikele publizéiert.[1]
Nom Zweete Weltkrich, deen e vun 1941 un am fräie Frankräich verbruecht huet, huet hie fir d' Cahiers luxembourgeois, De Peck-Villchen an de Lëtzebuerger Journal geschriwwen.[1]
Hien huet no der Grënnung vun der CECA an der Verwaltung vum Conseil spécial des Ministres geschafft.
Den Émile Marx war vum 9. Oktober 1924 u mat der Julie Kauffmann bestuet. Seng Fra huet no sengem Doud am Joer 1966 seng Geschichte fir d'Jugend an engem gesammelte Band ënner dem Numm Die vom grauen Rand erausginn (Dréckerei Bourg-Bourger).
Literatur
- Henri Wehenkel: Emil Marx, Buchhändler, Journalist, Schriftsteller. Le Phare 2016, 188 S.
Um Spaweck
- Christian Mosar/po: "Gefaangen zu Lëtzebuerg?" 100komma7.lu, 02. Abr 2016 - 13:30.
Referenzen
- Romain Hilgert: "Ein Held der Linksfront". in: d'Lëtzebuerger Land Nr.8, 19. Februar 2016, S.17.
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.