Remove ads
From Wikipedia, the free encyclopedia
Die neue Zeit war eng Zeitung, déi zu Lëtzebuerg tëscht dem 1. Oktober 1936 an dem 1. Mee 1940 eemol am Mount erauskoum. Den Titel knäppt un déi Zeitung mam nämmlechten Numm un, déi tëscht 1911 an 1914 erauskomm ass. Wéi si war se lénksliberal an huet och ëmmer nees virum Nationalsozialismus an Antisemitismus gewarnt.[1]
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der antifaschistescher lëtzebuergescher Zeitung vun 1936-1940. Fir aner Zeitunge mat deem Numm, kuckt wgl. Die neue Zeit. |
Si huet déi direkt Nofolleg vun Das freie Wort, dem Organ vum Fräidenkerbond ugetrueden, a gouf vum Nicolas Molling erausbruecht, deen och Editeur vun der satirescher Zeitung De Mitock war. Si huet sech weiderhin fir Demokratie a géint d'Maulkuerfgesetz agesat, a sech mat der Aussepolitik vun der Regierung kritesch ausernee gesat.[1]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.