From Wikipedia, the free encyclopedia
Vaux-devant-Damloup ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Meuse an der Regioun Grand Est.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
D'Kapell Saint-Philippe et Saint-Jacques | |||||
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | Meuse | ||||
Arrondissement | Verdun | ||||
Kanton | Belleville-sur-Meuse | ||||
Postcode | 55400 | ||||
Gemengecode | 55537 | ||||
Koordinaten | 49° 12’ 44’’ N 05° 28’ 24’’ O | ||||
Fläch | 656 ha | ||||
Bevëlkerung | 74 (2015) |
Am Éischte Weltkrich gouf d'Uertschaft Vaux 1916 bei der Schluecht vu Verdun, komplett zerstéiert an ni méi opgeriicht, well se nom Krich als Zone rouge klasséiert war. Et war eng vun den néng komplett zerstéierten Uertschaften am Departement Meuse.
Nom Krich gouf eng néi Uertschaft, ronn 500 Meter vun der aler, opgeriicht. Déi gouf dunn awer net méi Vaux genannt, mä se krut den zesummegesaten Numm, fir se vun der aler z'ënnerscheeden an op hir Noperschaft mat Damloup ze weisen. Et ass déi eenzeg komplett zerstéiert Uertschaft am Departement, déi nei opgeriicht gouf. Se läit um Ostrand vum Staatsbësch vu Verdun ronn 8 km nordëstlech vu Verdun.
Commons: Vaux-devant-Damloup – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.