Tour de France 1904

2. Editioun vum Tour de France From Wikipedia, the free encyclopedia

Tour de France 1904
Remove ads

Den zweeten Tour de France gëtt vum 2. Juli bis de 24. Juli 1904 gefuer.

Séier Fakten
Remove ads

Allgemenges

  • Den Tour besteet aus 6 Etappen an huet eng Totaldistanz vu 2 429 km.
  • D'Moyenne vum Gewënner (Henri Cornet) ass 25,265 km/h.

D'Affär

Den zweeten Tour de France war och bal de leschte ginn. D'Kompetitioun war en Affer vun hirem eegene Succès vum Joer virdru wéinst fanatesche Reaktioune vu franséische Spectateuren a Faveur vun der Ekipp « La Française » (d'Ekipp vum Maurice Garin) a verschiddene Fuddlereien. Den Henri Desgrange denkt souguer dru fir d'Saach komplett falen ze loossen.

Als Folleg vun dësen Evenementer gëtt d'Resulat vum Tour eréischt definitiv den 2. Dezember homologéiert. Aacht Coureuren, ënner hinnen déi véier Éischt aus dem Generalklassement, ginn deklasséiert oder suspendéiert.

Sou kënnt et, datt den Henri Cornet, deen de fënneften am Generalklassement war, op déi éischt Plaz rutscht an als Vainqueur deklaréiert gëtt. De Maurice Garin kritt eng Suspensioun vun zwee Joer opgedréckt (déi hie säi ganzt Liewe laang contestéiert) an de Lucien Pothier, 2. zu Paräis, gëtt liewenslänglech gespaart (dëst gëtt awer no dräi Joer erëm opgehuewen).

Remove ads

D'Etappen

Wéinst den Deklassementer vum 2. Dezember falen d'Etappegewënner (Garin, Pothier an Aucouturier) ewech.

Méi Informatiounen Etapp, Datum ...

Generalklassement

Méi Informatiounen Generalklassement, Coureur ...


Um Spaweck



Tour de France
1903 | 04 | 05 | 06 | 07 | 08 | 09 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 | 31 | 32 | 33 | 34 | 35 | 36 | 37 | 38 | 39 | 47 | 48 | 49 | 50 | 51 | 52 | 53 | 54 | 55 | 56 | 57 | 58 | 59 | 60 | 61 | 62 | 63 | 64 | 65 | 66 | 67 | 68 | 69 | 70 | 71 | 72 | 73 | 74 | 75 | 76 | 77 | 78 | 79 | 80 | 81 | 82 | 83 | 84 | 85 | 86 | 87 | 88 | 89 | 90 | 91 | 92 | 93 | 94 | 95 | 96 | 97 | 98 | 99 | 2000 | 01 | 02 | 03 | 04 | 05 | 06 | 07 | 08 | 09 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 | 25
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads