Remove ads
franséische Vëlossportler From Wikipedia, the free encyclopedia
De Maurice Garin, gebuer den 3. Mäerz 1871 zu Arvier an Italien, a gestuerwen den 19. Februar 1957 zu Lens, war e franséische Vëlossportler an Tour de France Gewënner
Maurice Garin | |
---|---|
Gebuer | 3. Mäerz 1871 |
Gestuerwen |
19. Februar 1957 Lens |
Nationalitéit | Kinnekräich Italien, Frankräich |
Aktivitéit | Vëlossportler |
Veräin/Ekipp | La Française |
Huet matgemaach bei | Tour de France 1903 |
De Maurice Garin war Italieener, hat sech awer als Fransous naturaliséiere gelooss. Vu Beruff war hie Schaarschtechbotzert, wat him de Spëtznumm petit ramoneur abruecht huet. Seng Gréisst, 1,62 m fir 60 kg, huet him och nach d'Spëtznimm le petit matelot a le bouledogue blanc vermaach.
Hie gouf säi Beruff op fir Vëloscoureur ze ginn, a mat 32 Joer gewënnt hien 1903 den Tour de France, deen dat Joer fir d'éischt gefuer gouf. Beim Tour vun 1904 gëtt hien op zweiwelhaft Aussoen hin deklasséiert an e gëtt fir zwee Joer suspendéiert.
Doropshin hält hie mam Vëlossport op, an installéiert sech zu Lens als Vëloshändler a Mecanicien, bis zu sengem Doud den 19. Februar 1957.
Nom Zweete Weltkrich grënnt hien d'Ekipp Garin. Hir Faarwe si rout a wäiss an den Hollänner Piet Van Est gewënnt ënner dëse Farwen 1950 an 1952 Bordeaux–Paräis
De Maurice hat zwéi Bridder, déi och Course gefuer sinn:
1997 gouf hien an d'Lëscht vun de Gloires du sport opgeholl.
Commons: Maurice Garin – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.