Talence ass eng Stad am Südweste vun Frankräich an der Regioun Nei-Aquitaine. Et ass mat iwwer 40.000 Awunner, no Bordeaux, Mérignac a Pessac, déi véiertgréisst Stad vun der Gironde.

Thumb
D'Kierch vun Talence nuets

Talence ass och de Chef-lieu vum Canton de Talence.

Geographie

Talence läit am Süde vun der Agglomeratioun Bordeaux an ass ëmgi vun de Stied vun der Communauté urbaine de Bordeaux, Pessac, Bègles, Gradignan a Villenave-d'Ornon.

Geschicht

Den Territoire vun Talence war laang mat Bësch bedeckt, an deem vereenzelt Wëllschwäin gelieft hunn. Dëse Bësch soll och um Urspronk vum Numm "Talence" sinn: d'Wuert "Tala" huet d'Holzschloe bezeechent. Am 13. Joerhonnert hu sech dunn noeneen d'Nimm "Talanssa", "Talencia" an "Talance" entwéckelt.

Talence war eng Uertschaft, déi ëmmer erëm a Kricher ausgeplënnert an zerstéiert gouf, an huet sech eréischt richteg am 17. Joerhonnert entwéckelt. D'Proximitéit vun Talence zu Bordeaux an d'Presenz vun dräi groussen an relativ sécheren Handelsstroossen, d'Stroosse vun Toulouse, Bayonne a La Teste, hunn déi räich Bourgeoisie vu Bordeaux ugezunn, vun deenen der vill sech grouss Schlässer baue gelooss hunn, wéi zum Beispill de Banquier Samuel Charles Peixotto.

Trotzdeem bleift Talence éischter eng ländlech Géigend. Et ass eréischt um Enn vum 19. an am Laf vum 20. Joerhonnert, datt Talence sech als Stad affiméiert huet a verschidden industriel Aktivitéite sech entwéckelt hunn.

An den 1970er an 1980er Joren ass d'Industrie aus Talence verschwonnen an et sinn haaptsächlech Wunnquartieren iwwereg bliwwen.

Wopen

Thumb
Wope vun Talence

Um Wope vun Talence steet: "D'or, aux talles de sinople posées sur une terrasse du même, au sanglier de sable défendu et allumé de gueules brochant sur les tiges".

Um Wopen (gréng, schwarz, gold), gesäit een e Bam mat zwéi groussen Äscht ("talles"), déi op den Numm "Talence" hiweisen, an e Wëllschwäin, well fréier déi räich Leit vu Bordeaux op Talence joe komm sinn.

Ekonomie

De gréissten Deel vun de Betriber zu Talence kënnt aus dem Tertiäre Secteur. Landwirtschaft gëtt et quasi keng an d'Industrie ass nëmme schwaach vertrueden. De Chômage huet 1999 14 % erreecht (12,9 % fir ganz Frankräich).[1]

  • Primäre Secteur: 0,1 %
  • Industrie: 9,2 %
  • Tertiäre Secteur: 90,7 %

Demographesch Evolutioun

Méi Informatiounen Joer, Awunner ...
        Joer         Awunner
17931.489
18001.181
18061.340
18211.194
18311.322
18361.288
18411.232
18461.402
18511.434
18561.693
18612.430
18662.577
        Joer         Awunner
18723.604
18763.873
18814.621
18866.642
18917.921
18969.221
190111.227
190611.832
191113.224
192115.823
192617.130
193118.944
        Joer         Awunner
193620.380
194621.650
195422.695
196225.874
196829.161
197534.127
198234.692
199034.485
199937.210
200942.293
Zoumaachen

Quell: INSEE

Repartitioun

  • Undeel vu Männer a Fraen (Schätzung vun 2005, Quell: INSEE):
Méi Informatiounen Geschlecht, Talence (2005) ...
GeschlechtTalence
(2005)
Frankräich
(2005)
Talence
(1999)
Männer46 %48,3 %47 %
Fraen54 %51,7 %53 %
Zoumaachen
  • Undeel vun de verschiddenen Altersklassen (Schätzung vun 2005, Quell: INSEE):
Méi Informatiounen Altersklass, Talence (2005) ...
AltersklassTalence
(2005)
Frankräich
(2005)
Talence
(1999)
Ënner 19 Joer23 %25,4 %20,2 %
Zwëscht 20 an 39 Joer38 %26,6 %40 %
Zwëscht 40 an 59 Joer23 %27,7 %21,4 %
Iwwer 60 Joer16 %20,3 %19,4 %
Zoumaachen
Thumb
Den Tram zu Talence (Statioun Forum)

Infrastruktur

  • En Deel vum Universitéitsdomaine vu Bordeaux läit zu Talence, ënner anerem d'Université Bordeaux I, den Institut polytechnique de Bordeaux an en Deel vun der Université Bordeaux II.
  • De Stade Pierre Paul Bernard an de Stade nautique Henri Deschamps sinn zu Talence.
  • Talence gehéiert zur Communauté urbaine de Bordeaux (CUB) an ass iwwer d'Linn B: Pessac Centre ↔ Claveau / Bassins à Flot vum Tram vun der CUB mat Pessac a mat dem Stadzentrum vu Bordeaux verbonnen.

Partnerschafte mat auslännesche Stied

Kuckt och

Um Spaweck

Um Spaweck

Commons: Talence – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.