Lieu-dit am Nordoste vu Veianen From Wikipedia, the free encyclopedia
De Scheierhaff (lokal: Scheierhof[1]) ass e Lieu-dit am Nordoste vu Veianen deen op enger Héicht vun 374 Meter läit. En huet den Numm vum Haff dee laang Zäit dat eenzegt Gebai do war. De Flouer vum Scheierhaff grenzt am Nordosten un Däitschland, am Süden un de Bësch mam Numm Déifendellt, am Südwesten ass den Hank vum Roupischbierg mat der Quell vun der Kalchesbaach. Am Nordweste läit de Bësch Greecht, an am Norden déi nei Cité Scheierhaff. Et kënnt een op de Scheierhaff iwwer den CR344 (Rue du Sanatorium), deen zu Veianen am Zentrum vun der N10 (Rue de la Gare) fortgeet.
Scheierhaff Scheierhof | |
---|---|
De Scheierhaff bei Veianen | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Scheuerhof de: Scheuerhof |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Veianen |
Gemeng | Veianen |
Buergermeeschter | François Weyrich |
Fläch | 318,1190 ha |
Koordinaten |
49° 56’ 21,9’’ N 06° 13’ 03,4’’ O |
D'Cité Scheierhaff besteet aus engem alen Deel, Al Cité, deen et zanter de spéiden 1980er Jore gëtt, an engem neien Deel, Nei Cité, deen am Laf vum éischte Joerzéngt vun den 2000er Joren entstanen ass. Dat Ganzt ass e Quartier vun der Stad Veianen, nordwestlech vum Scheierhaff.
De fréiere Sanatorium, deen nordwestlech dovu läit, ass zanter 1979 e Fleegeheem, an deem 91 Leit kënnen opgeholl ginn a 27 Eenzel- an an 32 Zweebettzëmmeren.
Ronderëm de Scheierhaff gëtt et en ettlech Trëppeltier, an zu Fouss sinn et knapps zéng Minutte bis bei d'Schwämm déi 700 Meter westsüdwestlech dovun ewech läit.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.