De Roland "Rol" Gelhausen, gebuer den 21. November 1959 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Auteur fir Cabaretsprogrammer. Als Beruff huet en Electromecanicien geléiert.
Rol Gelhausen | |
---|---|
De Roland Gelhausen (2013). | |
Gebuer |
21. November 1959 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
Säin éischten Optrëtt hat hien 1975 beim Duerftheater Kanech. 1980 Grënner vum Kanecher Kabaret.
Zanter 1984 ass en Auteur an Acteur bei de Cabaretsensemblen JB mat Äis an MM1.
Hien ass och Auteur fir aner Ensembelen, wéi d'Lëtzebuerger Revue, de Kabarä Feierstëppler an d'Makadammen.
Niewebäi huet hien Optrëtter bei Theater-, Lauschterspill- a Fernseeproduktiounen.
Nom Programm Neuros 2000 vu JB mat Äis huet hien de Cabaretsensembel Cabarenert gegrënnt. Programmer: Onkraut vergeet net - Endstatioun Geenzuucht - Fixfeier - Maach d'Kräiz... an alles bleift besser - Schwamm driwwer an Alles am A... matgeschriwwen a matgespillt.
Filmographie
- 2016: Et wor alles wéi ëmmer - Regie: Max Jacoby – (Kuerzfilm)
- 2018: Invisible Sue - Regie: Markus Dietrich - Haaptacteuren: Ruby M. Lichtenberg, Anna Shirin Habedank
- 2018: Superjhemp retörns - Regie: Félix Koch - Haaptacteuren: André Jung, Désirée Nosbusch
- 2018: Capitani - Regie: Christophe Wagner - Haaptacteuren: Luc Schiltz, Sophie Mousel - (TV-Serie)
- 2019: Péitruss - Regie: Max Jacoby - Haaptacteuren: Peri Baumeister, Jules Werner
Wierker
- Roland Gelhausen: Marieland ouni Filter, Holzem, 2005, 287 S.
- Roland Gelhausen: Mir kommen an Däiwelskichen, 2012, 256 S.
Fir ze liesen
- Roland Gelhausen, Marienland ouni Filter, Artikel vum Giulio-Enrico Pisani an der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek vum 10.11.2005
- Revue Nr. 50 vum 12. Dezember 2012, S. 32-33, Gabrielle Seil: Däiwelskichen
Um Spaweck
- Offiziell Websäit vum Roland Gelhausen
- Sprache als Ventil, Artikel vun der Carmen Heyar an der Wochenzeitung D'Lëtzebuerger Land vum 27. Januar 2006 iwwer dem Roland Gelhausenan säi Buch Marieland ouni Filter
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.