lëtzebuergesch Schrëftstellerin a Musekerin From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Carmen Heyar, gebuer den 21. Juni 1959 an der Stad Lëtzebuerg, ass Schrëftstellerin a Musekerin.
Carmen Heyar | |
---|---|
Gebuer | 21. Juni 1959 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Komponist, Schrëftsteller |
Member vun | Lëtzebuerger Schrëftstellerverband |
D'Carmen Heyar ass zu Esch opgewuess an huet 1978 de Mëttelschouldiplom am Beräich Biologie et Social zu Wolz gemaach.
Se huet zu Witten vun 1986-89 e fräit Studium am Beräich Musek, Literatur an Theater absolvéiert; klassesche Gesank an der "Schule der Stimmenthüllung"; do Piano gespillt a Blockflütt ënnerriicht. Vun 1989-94 war se fräi Schülerin an der "Kulturmühle Lützelflüh".
D'Carmen Heyar huet bei der Grënnung vun der éischter lëtzebuergescher "Bio-Coopérative" an der Waldorfschoul Lëtzebuerg matgeschafft. Si war fir eng Mandatszäit Member vum Conseil National du Livre, a schreift op Däitsch a Franséisch.
Hir 3 Kanner si mëttlerweil erwuessen a sinn an der Kultur an an der Wëssenschaft täteg.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.