lëtzebuergesche Paschtouer From Wikipedia, the free encyclopedia
De Pierre (Peter) Thomas, gebuer den 3. Januar 1793[1] zu Bruch, a gestuerwen de 17. Mäerz 1870 zu Iechternach, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen.
Pierre Thomas | |
---|---|
Gebuer |
3. Januar 1793 Bruch (Miersch) |
Gestuerwen |
17. Mäerz 1870 Iechternach |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Paschtouer |
De Pierre Thomas ass den 19. September 1818 zu Metz zum Priister geweit ginn. Vum 1. Oktober 1818 u war hie Vicaire zu Bartreng a vum 1. Abrëll 1823 Paschtouer zu Stroossen. Den 22. November 1837 huet de Bëschof vun Namur hien Deche gemaach; hie war zoustänneg fir d'Pare vum Kanton Lëtzebuerg-Nord, déi deemools wéi de Gros vum Land zënter 1830 zu der Belsch gehéiert hunn.[2][3]
Den 21. Mee 1842 koum de Pierre Thomas als Dechen (curé-doyen) op Iechternach.[3] Hien huet sech vun Ufank u fir d'Ausbessere vun der Parkierch an der Muttergotteskapell agesat.[4] An der Parkierch huet hien 1846 den Duxall méi niddreg leeë gelooss an op seng Käschten eng nei Uergel baue gelooss. Ronderëm d'Kierch huet hien 1853 zwou nei Trapen uleeë gelooss.[2] E besonnescht Uleies war him d'Restauratioun an d'Vergréisserung vun der Kräizkapell. Viraarbechten hunn 1849 ugefaangen an d'Aarbechten hu sech bis 1864 higezunn. Och hei huet den Thomas eege Suen dragestach, nieft ëffentleche Gelder a private Spenden.[4]
Den 19. Dezember 1861 huet den Dechen Thomas zesummen mat enger heifir ernannter Kommissioun dem Willibrord säi Graf opmaache gelooss an e Protokoll iwwer den Zoustand vun de Reliquien (Knachen) opgestallt, deen un de Provikar Adames geschéckt gouf.[5]
Als Deche war de Pierre Thomas ipso facto laut de Statute Member vum Willibrordus-Bauveräin, dee sech am Dezember 1861 provisoresch an am Laf vum Joer 1862 definitiv konstituéiert huet, fir d'Iechternacher Basilika, déi fréier Abteikierch, nees opzebauen.[6]
Am Joer 1868 waren d'Aarbechten ofgeschloss. Déi feierlech Konsekratioun vun der nei erstanener Kierch am September 1868, déi mat dem P. Thomas sengem 50järege Priisterjubiläum zesummegefall ass, war sécher den Héichpunkt vun deem senger Carrière. De Programm vun de Feierlechkeeten, déi sech iwwer véier Deeg higezunn hunn, huet esou ausgesinn: feierlechen Empfang vum Bëschof (20. September); Konsekratioun vun der Kierch (21. September); Feier vum Thomas sengem Priisterjubiläum (22. September); feierleche Requiem (23. September).[7]
Vum Mee 1869 u gouf d'Sonndesmass an der Basilika zelebréiert. D'Parkierch war awer nach ëmmer d'Péitrus a Paulus-Kierch.[8]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.