Jupitermound From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Orthosie (oder Jupiter XXXV) ass ee vun de klengste bekannte baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.
Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2001 J 9 |
---|---|
Zentralkierper | Jupiter |
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 20.720.000 km |
Periapsis | 14.902.000 km |
Apoapsis | 26.538.000 km |
Exzentrizitéit | 0,2808 |
Ëmlafzäit | 622,56 Deeg |
Ëmlafvitess | 2,37 km/s |
Inklinatioun | 145,921° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser | ≈ 2 km |
Dicht | 2,6 g/cm3 |
Albedo | 0,04 |
Visuell Magnitude (mag) | 23,1 |
Entdeckung | |
Entdecker | IFA Hawaii |
Entdeckungsdatum | 11. Dezember 2001 |
Den Orthosie gouf den 11. Dezember 2001 vun Astronome vum astronomeschen Institut vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Am Ufank krut de Mound déi virleefeg Bezeechnung S/2001 J 9.
De Mound gouf uschléissend no der Orthosie, enger griichescher Schéinheetsgëttin, genannt.
De Mound Orthosie kreest a 622,56 Deeg op enger mëttlerer Distanz vun 20.720.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,2808. Mat enger Bunneschréi vun 145,9° géint de lokale Laplace-Plang ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Orthosie der Ananke-Grupp, benannt nom Jupitermound Ananke, zougerechent.
De Mound Orthosie huet e mëttleren Duerchmiesser vu ronn 2 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass warscheinlech aus Silikatgestengs opgebaut. Hien huet eng ganz däischter Uewerfläch an eng Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 23,1m.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.