Jupitermound From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Ananke (och Jupiter XII) ass ee vun de baussenzegste Mounde vum Planéit Jupiter.
Zentralkierper | Jupiter |
---|---|
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 21.276.000 km |
Periapsis | 16.095.000 km |
Apoapsis | 26.457.000 km |
Exzentrizitéit | 0,2435 |
Ëmlafzäit | 629,770 Deeg |
Ëmlafvitess | 2,42 km/s |
Inklinatioun | 148,89° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser | 28 km |
Dicht | 2,6 g/cm3 |
Albedo | 0,04 |
Visuell Magnitude (mag) | 18,75 |
Entdeckung | |
Entdecker | S. B. Nicholson |
Entdeckungsdatum | 28. September 1951 |
Den Ananke gouf den 28. September 1951 vum Astronom Seth Barnes Nicholson um Mount Wilson-Observatoire a Kalifornien entdeckt.
De Mound goufo der Ananke, enger Frëndin vum Zeus aus der griichescher Mythologie, genannt. Säin offiziellen Numm krut hien 1975, virdrun gouf hien einfach als Jupitermound XII bezeechent, well hien den 12 entdeckte Mound vum Jupiter war.
Ananke kreest ëm de Jupiter op enger mëttlerer Distanz vun 21,28 Mio. km a 629 Deeg, 18 Stonnen an 29 Minutten. D'Bunn weist eng Exzentrizitéit vun 0,2435 op. Mat enger Schéiegt vun 148,9° géint de lokale Laplace-Plang[A 1] ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
De Ananke gëtt enger Grupp vu Mounden, déi sech op änleche Bunnen ëm de Jupiter beweegen, den Numm. D'Ananke-Grupp huet 8 bis 16 Mounden, woubäi den Ananke de gréisste Member ass.
Den Ananke huet e mëttleren Duerchmiesser vun ongeféier 28 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut. Den Ananke huet eng ganz donkel Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04. Déi visuell Magnitude ass 18,8m.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.