From Wikipedia, the free encyclopedia
OSIRIS-REx (Origins Spectral Interpretation Resource Identification Security – Regolith Explorer)[1] ass eng Raumsond vun der NASA, déi den 8. September 2016 mat enger Atlas-V-Rakéit gestart gouf, fir vum Asteroid (101955) Bennu, Prouwe mat op d'Äerd zeréckzebréngen[2]. De Bennu ass en äerdnoen Asteroid vum – heefegsten – C-Typ, dee kuelestoffräich ass an doduerch eng donkel Uewerfläch huet.
OSIRIS-REx | |
---|---|
Typ | Fuerschungssatellit |
Missioun | Asteroid (101955) Bennu |
Land | USA |
Agentur | NASA |
COSPAR-Bezeechnung | 2016-055A |
Startmass | 2110 kg (dovun 1230 kg Dreifstoff) |
Start | 8. September 2016 |
Enndatum | 24. September 2023 (geplangt) |
Startplaz | Cape Canaveral, LC-41 |
Drorakéit | Atlas V (411) |
Status | aktiv |
No New Horizons a Juno ass OSIRIS-REx déi drëtt Raumsond vum New-Frontiers-Programm. D'Entscheedung fir d'Missioun gouf de 25. Mee 2011 bekannt ginn, nodeem si d'Prioritéit krut géint e Venus-Lander, deen d'Atmosphär an eng Buedemprouf ënnersiche soll (Venus In-Situ Explorer), an eng Sond, déi Materialprouwen aus dem Südpol-Aitken-Becken vum Äerdmound op d'Äerd brénge sollt (MoonRise).[3] D'Sond gouf vum US-amerikaneschen Technologiekonzern Lockheed Martin gebaut a se war Oktober 2015 fäerdeg. Uschléissend goufen ëmfangräich Tester dermat gemaach.[4]
D'OSIRIS-REx gouf den 8. September 2016 gestart. Ee Joer nom Start ass si den 22. September 2017 fir e Swing-by nees op enger Distanz vu 17.000 km laanscht d'Äerd geflunn, an den 3. Dezember 2018 huet si de Asteroiden Bennu erreecht.[5] No enger Approche vun 68 Deeg soll d'Sond an e ronn 5 km héijen Orbit aschwenken an d'Uewerfläch vum Asteroid kartéieren. Ausserdeem soll OSIRIS-REx de Jarkowski-Effet miessen (den Afloss vun der ënnerschiddlecher staarker Erwiermung vun der Asteroidenuewerfläch op de Bunnverlaf vum Asteroid).
Am Laf vun der ronn 500 Deeg laanger Observatiounsphas soll den Orbit schrëttweis bis op 700 Meter erofgesat ginn. Schliisslech soll OSIRIS-REx nach méi no bei den Asteroid kommen, den Ausleeër mam Sammelmechanismus (TAGSAM) ausklappen an op d'mannst 60 g Regolith-Gestengs an zousätzlech 26 cm³ rengkäregen Uewerflächestëbs asammelen[6]. D'Materialprouwe sollen uschléissend an eng Retourkapsel kommen, déi sou wéi d'Stardust-Sond opgebaut ass. D'OSIRIS-REx soll am Mäerz 2021 de Réckfluch op d'Äerd ufänken an d'Retourkapsel am September 2023 bei der Äerd aussetzen. Uschléissend soll d'Kapsel op der Utah Test and Training Range landen.[3][4] D'Sond soll nom Ofworf vun der Kapsel eng weider Kursännerung maachen an an e Sonnenorbit aschwenken.[7]
D'OSIRIS-REx ass quaderfërmeg, 3,10 m breet an 2,72 m héich an 2100 kg[8] schwéier. Op béide Säite vun der Sond si quadratesch Ausleeër mat Solarzelle mat enger Fläch vun am Ganzen 8,5 m². Fir d'Kommunikatioun mat der Äerd huet d'Sond eng Parabolantenn mat engem Duerchmiesser vun zirka 2 m an zwou weider Antennen[9].
Si ass mat follgenden Instrumenter ausgerëscht:[9]
Commons: OSIRIS-REx – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.