From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kopleschter Kierch ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Mamerdall Saint-Christophe, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Koplescht gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Koplescht | |||
Par | Mamerdall Saint-Christophe | |||
Dekanat | Lëtzebuerg | |||
Numm / Patréiner | Hl. Niklos | |||
Konsekratioun | 1864 | |||
Architekt(en) | Cordonnier | |||
Koordinaten | 49° 39’ 54.1’’ N 06° 04’ 18.5’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Niklos, deem säi Fest de 6. Dezember gefeiert gëtt.
Den 20. November 2020 gouf s'als nationaalt Monument klasséiert.[1]
Se steet an der rue de Saeul, der N 12, nieft dem Gemengenhaus.
Déi éischt Kopleschter Kierch stoung op der anerer Säit vun der Mamer, an der Géigend vum Ale Wee. Si ass ëm 1570 gebaut ginn. Si war och dem hellegen Niklos geweit. Dës Kierch ass no 1838 ofgerappt ginn.
Déi Säit vum Duerf, déi riets vun der Mamer läit, huet déi Zäit zu der Par Steesel gehéiert. Déi lénks Säit vum Duerf huet zur Par Kielen gehéiert.
Am Joer 1838 ass mam Bau vun der neier Kierch op der lénkser Säit vun der Mamer ugefaange ginn. Dës Kierch gouf am Joer 1926 restauréiert. Wéi déi däitsch Arméi den 10. September 1944 d'Bréck iwwer d'Mamer gesprengt huet, war d'Kierch beschiedegt ginn.
Am Joer 1965 krut d'Kierch dräi nei Klacken.
Déi 3 Klacke goufen zu Brockscheid bei Daun an der fréierer Klackegéisserei Johann Mark und Sohn, haut Äifeler Klackegéisserei, gegoss. Se sinn den 18. Oktober 1965 vum Professer Dr. Jean-Pierre Schmit op hire Klang gepréift ginn. Den 28. November 1965 huet de Generalvikar Jean Hengen d'Klacke geweit.
Commons: Nikloskierch zu Koplescht – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.