D'Mamer ass eng Baach zu Lëtzebuerg. Si entsteet aus dem Zesummelaf vun zwou klenge Baachen tëscht Héiweng a Garnech am Dall tëscht de Fléier Féil an Ueschtrëf, a leeft vun do aus Richtung Osten duerch oder laanscht Garnech, Holzemermillen, op Mamer. Do dréint se no Norden a leeft dann duerch Koplescht, den Direndall, Schëndels, ier se zu Miersch an d'Uelzecht fléisst.
D'Mamer am Gemengepark zu Miersch | |
An anere Sproochen |
fr: Mamer de: Mamer |
---|---|
Längt | 25,6 km |
Hydrographesche Baseng | Rhäin |
Originn | |
Originn | Zesummefloss vun zwou Baachen |
Plaz | tëscht Héiweng a Garnech |
Héicht | 320 m |
Koordinaten |
49° 36’ 39.2’’ N 5° 56’ 45.1’’ O |
Konfluenz | |
Leeft an | d'Uelzecht |
Plaz | Miersch |
Héicht | 214 m |
Koordinaten |
49° 44’ 54.5’’ N 06° 06’ 28.2’’ O |
Haaptnieweflëss | Faulbaach, Kielbaach, Riedelbaach |
Geographie | |
Land | Lëtzebuerg |
Uertschaften |
Garnech, Mamer, Koplescht, Schëndels, Miersch |
D'Mamer zielt zu de primäre Waasserleef vu Lëtzebuerg déi en Anzuchsgebitt vun iwwer 70 km² hunn[1].
2012 gouf d'Mamerdall zu engem Naturschutzgebitt deklaréiert.
Renaturéierung
2017 gouf d'Mamer bei Holzem op enger Streck vun 125 m vum Gemengesyndikat Sicona renaturéiert: d'Uwänner goufe méi flaach amenagéiert soudatt d'Baach erëm fräi meandere kann a fir d'Vitess vum Waasser erofzesetzen, goufe Bamstämm an d'Baachbett geluecht. Am Fiichtgebitt niewendru gouf e Weier ugeluecht. Zil vun dësem Agrëff ass et, tëschent der Kap an Dippech eng Rëtsch Dëmpelen ze schafen, déi et dem Kammmolch erméigleche sollen sech do auszebreeden.[2]
Niewebaachen (dem Waasserlaf no)
- Wëlleschbaach op der Holzemermillen
- Bräderbaach bei Holzem
- Faulbaach zu Mamer
- Kielbaach bei der Thillsmillen tëscht Mamer a Koplescht
- Riedelbaach bei der Neimaxmillen (déi ofgerappt gouf) tëscht Mamer a Koplescht
- Lédeleschbur tëscht Koplescht an dem Direndall
Millen op der Mamer
- Wollefsmillen, zu Garnech
- Holzemermillen, zu Holzem
- Gaaschtmillen
- Neimillen
- Thillsmillen fréier Wilzermillen, Ferrantsmillen
- Neimaxmillen och als Hemessemillen, Wollefsmillen a Riedelbaachmille bekannt.
- Schankemillen
Biller
- D'Mamer zu Holzem,
- ... op der Héicht vun der fréierer Schankemillen, tëscht Mamer a Koplescht,
- ... zu Koplescht,
- ... zu Schëndels
- ... an zu Miersch, wou d'Mamer an d'Uelzecht fléisst.
Kuckt och
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef mat hiren Anzuchsgebidder
Um Spaweck
Commons: Mamer (Baach) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
- www.geoportail.lu, déi offiziell Plattform fir geographesch Donnéeën a Servicer vun der Administration du cadastre et de la topographie
- fwa, 2017. Neues Leben für die Mamer. Auch kleine Maßnahmen bringen Naturschutz voran. Luxemburger Wort vum 1. August 2017, S. 18.
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.