From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Nei Gemeng (fr: Commune nouvelle) ass a Frankräich eng Gemeng, déi aus der Fusioun vun e puer fréiere Gemengen ervirgeet. Et ass e Statut, dee mam Artikel 21 vum Gesetz N° 2010-1563 vum 16. Dezember 2010 iwwer d'Reform vun den territoriale Kollektivitéite[1] kreéiert gouf.
Eng nei Gemeng kann op e puer Manéieren entstoen. Ouni weider an den Detail anzegoe kann ee soen, datt dat op Demande vun de Gemengeréit vun de Gemengen, déi uneneestoussen, ka gemaach ginn, oder iwwer d'Demande vun enger Interkommunalitéit oder op Initiativ vum Representant vum Staat am Departement.
Wa Gemengen, déi uneneestoussen, fusionéiere wëllen an net an engem Departement leien, mussen d'Autorisatioune fir d'Departementsgrenzen z'ännere gefrot ginn.
Bei der Kreatioun vun enger neier Gemeng ginn déi fréier Gemenge sougenannt Communes déléguées, et wier datt d'Gemengeréit decidéiere fir keng Commune déléguée ze ginn.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.