lëtzebuergesch Nationalstrooss am Kanton Dikrech From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Nationalstrooss 19 oder N19 ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Kanton Dikrech. Si féiert vun der Bleesbréck op Reisduerf.
D'N19 zu Bettenduerf | |
Sauerstrooss | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gestioun | Administration des ponts et chaussées |
Ufank |
Bleesbréck, Nationalstrooss 17 |
Koordinaten | 49°52'20,06"N, 6°11'26,48"O |
Enn |
Reisduerf, Nationalstrooss 10 |
Koordinaten | 49°52'3,40"N, 6°15'29,30"O |
Duerch | Bettenduerf, Reisduerf |
Opgaangen | 1843 |
Längt | 8,67 km |
Vitesslimitatioun | 50 km/h, 70 km/h, 90 km/h |
Informatiounen a Websäiten | |
P & Ch | Beschreiwung vum Stroossennetz |
Fandom | Nationalstrooss 19 |
Laf an Uschlëss | |
Bleesbréck | N 17 (PR 0,00) |
Bettenduerf | CR 357 (r) = Rue du Pont |
Méischtref | CR 357C (r) = Rue de la Gare |
Heckebaach | |
Reisduerf | |
N 10 (l)
= Cité Jean Hientgen (PR 8,67) |
Si huet hiren Ufank beim SIDEN am Rond-Point op der Bleesbréck, wou se vun der N17 fort geet. Si leeft laanscht d'Sauer duerch Bettenduerf a Méischtref bis op Reisduerf, wou se op der Kräizung mat der N10 zu Enn geet.
D'N19 huet eng Gesamtlängt vun ongeféier 8,67 km[1].
Wéi se no 1843 entstanen ass, gouf d'N19 uganks als „Strooss vun Iechternach op Waasserbëlleg“ bezeechent. Se gouf etappeweis tëscht 1851 an 1858 gebaut:
Den 9. Abrëll 1858 ass d'Strooss vun Iechternach op Waasserbëlleg als Staatsstrooss deklaréiert ginn[7]; se besteet aus Deeler vu follgende Stroossen:
Tëscht 1872 an 1874 ass d'Strooss op den Deeler tëscht dem Grondhaff an Dikrech[8] an tëscht der Bollenduerfer Bréck an der Aesbaach[9] méi breet gemaach ginn an am Joer 1875 gouf d'Wallenduerfer Bréck gebaut
1875/76 ass déi éischt Sauerbréck zu Wallendorf gebaut ginn, déi zënterhier op där Plaz Lëtzebuerg mat Däitschland verbënnt[10].
Virun 1958 hat d'N19 de Spëtznumm „Sauerstrooss“ well se laanscht dee Floss bis op d'Musel gelaf ass.
Enn vun de 1940er Joren ass déi nei Traversée duerch Bettenduerf opgaangen, déi al Strooss gouf vun do u bis 1958 als N19A bezeechent.
Am Laf vun der Zäit ass d'N19 zweemol gekierzt ginn: fir d'éischt 1958, wéi den Deel tëscht der Wallenduerfer Bréck a Waasserbëlleg bei d'N10 geprafft gouf an eng zweet Kéier wéi d'Duerchfaart duerch Reisduerf 1995 och an d'N10 integréiert gouf, fir esou um nërdlechen Deel vun der N10 eng duerchgängeg Streck bis op Veianen ze kréien.
Commons: Route nationale 19 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.