National Science Foundation

From Wikipedia, the free encyclopedia

National Science Foundation
Remove ads

D'National Science Foundation (NSF) ass eng onofhängeg Ariichtung vun der US-Regierung mat Sëtz zu Arlington, Virginia. Hir Aufgab ass et, d'Fuerschung a Bildung op alle Felder vun de Wëssenschaften, mat Ausnam vun der Medezin, finanziell z'ënnerstëtzen. Si gouf den 10. Mee 1950 gegrënnt.[1][2] Mat engem Joresbudget vu ronn 6,9 Milliarden Dollar (2010) representéiert si 20 Prozent vun all de Subventioune vun der US-Regierung fir Grondlagefuerschung op Héichschoulen. A verschiddene Beräicher wéi Mathematik, Informatik, Wirtschaftswëssenschaften a Sozialwëssenschaften ass d'NSF d'Haaptdrëttmëttelquell fir Fuerschung. Pro Joer gi ronn 40.000 Projete presentéiert, vun deenen der ongeféier 10.000 gesponsert ginn. Zanter Oktober 2010 féiert de Subra Suresh den NSF.[3]

Thumb
De Logo vun der NSF
Thumb
Déngschtgebai vun der Haaptadministratioun
Remove ads

Fuerschungsdirektorater

D'NSF ass a 7 Direktorater organiséiert:[4]

  • Biological Sciences (Molekularbiologie, Zellbiologie an organesch Biologie, Ëmweltwëssenschaft)
  • Computer and Information Science and Engineering (Informatik a kënschtlech Intelligenz)
  • Engineering (Biotechnologie, Ekologie, Infrastruktur, Chimie, Transportwiesen, Elektroingenieurswiesen, Noriichtentechnik, industriell Entwécklung a Produktioun)
  • Geosciences (Geologie, Meteorologie an Marinewëssenschaften)
  • Mathematical and Physical Sciences (Mathematik, Astronomie, Physik, Chimie a Materialwëssenschaft)
  • Social, Behavioral and Economic Sciences (Neurologie, Psychologie, Sozialwëssenschaften, Anthropologie a Wirtschaftswëssenschaft)
  • Education and Human Resources (Wëssenschaftspedagogik a Pedagogik vun der Mathematik fir all Alter)

Aner national Fuerschungsfërderungsariichtunge vun den USA sinn d'National Aeronautics and Space Administration (NASA) an d'National Institutes of Health (NIH). Op militäreschem Gebitt ass d'Defense Advanced Research Projects Agency (DARPA) bedeitend.

Vergläichbar Ariichtunge sinn d'Deutsche Forschungsgemeinschaft, de Schwäizer Nationalfonds an déi brittesch Royal Academy of Engineering.

Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

Referenzen

  1. www.nsf.gov About (Abschnitt "NSF AT A GLANCE"). Aufgerufen am 7. September 2011.
  2. Biographie vum Direkter vun der NSF, ofgeruff de 7. Juli 2012.
  3. www.nsf.gov NSF Organization List. Aufgerufen am 7. September 2011.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads