From Wikipedia, the free encyclopedia
Montségur ass eng franséisch Gemeng am Departement Ariège, an der Regioun Occitanie.
Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Vue vun der Buerg aus op d'Uertschaft | |||||
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Occitanie | ||||
Departement | Ariège | ||||
Arrondissement | Pamiers | ||||
Kanton | Pays d'Olmes | ||||
Postcode | 09300 | ||||
Gemengecode | 09211 | ||||
Koordinaten | 42° 52’ 20’’ N 01° 50’ 03’’ O | ||||
Fläch | 3 716 ha | ||||
Bevëlkerung | 131 (2015) |
Zanter 2017 ass Montségur Member vum Réseau des Grands Sites de France
D'Gemeng läit an de Pyrenäen südlech vu Lavelanet an der Géigend déi Pays des Pyrénées cathares genannt gëtt. Se läit op der Grenz mam Departement Aude op enger Héicht vun tëscht 630 Meter, am Dall vum Lasset, op der Gemengegrenz mat Fougax-et-Barrineuf an 2.365 Meter um Pic de Soularac op der Gemengegrenz mat Axiat.
Duech d'Gemeng leeft de Lasset deen iwwer den Hers-Vif an d'Ariège zum Baseng vun der Garonne gehéiert.
Verkéiersméisseg ass d'Gemeng iwwer d'Departementsstrooss D9 un d'franséischt Stroossennetz ugeschloss an déi noost Gare ass zu Foix.
Déi éischt Mënschen déi sech an der Géigend opgehalen hunn, konnte mat Fondstécker aus der Grotte du Tuteil an aus der Grotte de Caougno op d'Neandertalerzäit virun ongeféier 80.000 Joer, datéiert ginn.
D'Réimer hunn hir Spuere mat Mënzreschter a Geschier hannerlooss.
Am Mëttelalter huet Montségur de Grofe vun Toulouse, duerno de Vicomte vu Carcassonne an zu gudder Lescht de Grofe vu Foix gehéiert.
Op der 1200 Meter héijer Kopp nërdlech vun der Uertschaft steet d'Buerg Montségur. Am Laf vun der Zäit gouf et do dräi Festungen. Vun der éischter ass net vill gewosst ausser datt s'ëm 1200 eng Ruin war. Duerno gouf se vum Raymond de Péreille op Demande vum Katharerbëschof Guilhabert de Castres restauréiert an ausgebaut. Déi stoung bis zur leschter Belagerung vu Montségur am Joer 1244 bei där d'Uertschaft an d'Festung zerstéiert goufen an 200 Katharer um Scheeterkoup verbrannt goufen. E Stäil baussent der Uertschaft erënnert nach haut déi Mäerderei. Duerno gouf se nach eng Kéier restauréiert an et sinn d'Reschter vun där leschter Buerg déi een haut nach gesäit.
Commons: Montségur – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.