lëtzebuergesche Theolog From Wikipedia, the free encyclopedia
De Mathias Schiltz, gebuer den 1. Mee 1933, ass e lëtzebuergeschen Theolog. Hie war vun 1977 bis 2011 Generalvikar am Äerzbistum Lëtzebuerg.
Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Mathias Schiltz | |
---|---|
Gebuer | 1. Mee 1933 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
De Mathias Schiltz huet no der Primärschoul an der Stad säi Secondaire am Stater Kolléisch gemaach. Nom Premièresexamen (1952, Section latine B), ass en an de Séminaire vu Lëtzebuerg agetratt, an 1958 ass en zum Priister geweit ginn. Hie gouf Kaploun an der Kathedral a konnt do éischt Erfarungen am Beräich vun der Pastoral maachen. Dunn huet e säi Studium (Kiercherecht, Liturgie, Pastoraltheologie) um Institut catholique vu Paräis fortgesat, dat zu enger Zäit, wou den Zweete Vatikanesche Konzil schonn ugefaangen hat, a wou d'Kierch am Ëmbroch war. 1966 ass en als Licencié op Lëtzebuerg zeréckkomm a gouf Bistumssekretär a Responsabele fir d'Pastoralsekretariat.
Vun 1987 bis Februar 2012 war de Mathias Schiltz och President vum Verwaltungsrot vum Grupp Saint-Paul Luxembourg.[1]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.