Remove ads
brittesch Schauspillerin From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Dame Maggie Smith, CH, DBE, gebuer den 28. Dezember 1934 zu Ilford, am Essex, a gestuerwen den 27. September 2024 zu London, mam ganzen Numm Margaret Natalie Smith Cross, war eng englesch Schauspillerin, déi zu de populäersten Theater- a Filmactricë vun hirer Generatioun gezielt huet.
Maggie Smith | |
---|---|
Gebuertsnumm | Margaret Natalie Smith |
Gebuer |
28. Dezember 1934 Illford |
Gestuerwen | 27. September 2024 |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Charakterschauspiller, Theaterschauspiller, Schauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Robert Stephens, Beverley Cross |
Kanner | Toby Stephens |
Si hat eng Abberzuel Theaterpersonnagen a ronn 70 Film- an Televisiounsrolle gespillt, an dobäi zweemol en Oscar gewonnen, een Tony Award, véier Emmyen, fënnef BAFTAen an dräi Golden Globen. Si huet gär exzentresch Figuren, wéi déi al Joffer a Room with a View (1985), déi onselbstänneg Gräfin am Robert Altman sengem Gosford Park (2001) oder d'Mutter Oberin an de Sister Act-Kaméidisfilmer (1992/93) gespillt. Si war och fir hir Interpretatioun vun der Minerva McGonagall an den Harry-Potter-Filmer (2001 bis 2011) a vun der Violet Crawley an der englescher Televisiounsserie Downton Abbey (2010-2015) bekannt.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.