Remove ads
US-amerikanesche Schauspiller From Wikipedia, the free encyclopedia
De Karl Malden, gebuer den 12. Mäerz 1912 zu Chicago als Mladen George Sekulovich (Serbesch: Младен Ђорђе Секуловић), a gestuerwen den 1. Juli 2009 zu Brentwood bei Los Angeles, war en US-amerikanesche Schauspiller.[1][2]
Karl Malden | |
---|---|
Gebuer |
22. Mäerz 1912 Chicago |
Gestuerwen |
1. Juli 2009 Brentwood |
Doudesursaach | Krankheet |
Nationalitéit | USA, Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Stella Adler Studio of Acting |
Aktivitéit | Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Filmregisseur, Schauspiller |
De Karl Malden ass den eelste Jong vun enger Tschechin an engem Serb.[2] Hien ass bis e fënnef Joer al war a senger Gebuertsstad Chicago an duerno zu Gary am US-Staat Indiana opgewuess.[1]
Éier de Karl Malden 1933 op der Goodman Theatre Dramatic School zu Chicago Schauspillunterrecht geholl huet, war hie Schmelzaarbechter, an engem Heichuewebetrib, wou hie mat Aarbechten déi mat groussem Risiko verbonne waren, vill Sue verdéngt hat.
Säin Numm huet hien Enn der 1930er Joren, op e Rot vum Elia Kazan geännert.[1]
Seng Holliwoodcarrière huet hien an zwéi Klassiker ugefaangen. Fir eng Nieweroll am Film A Streetcar Named Desire, an deem hien de scheie Mitch spillt, deen an d'Südstaatlerin Blanche Dubois verléift ass, krut hien en Oscar. Am Film On the Waterfront, spillt hien e Paschtouer, deen e jonke Boxer a sengen Aktioune géint korrupt Gewerkschaftsbosser ënnerstëtzt. An den zwéi Filmer hat den Elia Kazan d'Regie, an dem Malden säi Partner war de Marlon Brando.
Hien huet ë. a. a Broadway-Theaterstécker, a Western, Spionagefilmer a Musicale matgespillt. Mat seng bekanntst Roll war déi vum Läitnant Mike Stone zesumme mam Michael Douglas (Inspekter Heller), an der Televisiounsserie The Streets of San Francisco.
Säi leschten Optrëtt hat de Karl Malden am Joer 2000 an der US-Serie West Wing déi den deeglechen Oflaf vum Liewe vun engem fiktive President am Wäissen Haus weist, an där hien e Paschtouer spillt.
De Karl Malden, dee vun 1938 u mat der Schauspillerin Mona Graham bestuet war, huet a 70 Filmer matgespillt, a war vun 1989 bis 1992 President vun der Academy of Motion Picture Arts and Sciences.
Commons: Karl Malden – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.