Jupitermound From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jupitermound Lysithea (oder Jupiter X) ass ee vun de klengste baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.
Zentralkierper | Jupiter |
---|---|
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 11.717.000 km |
Periapsis | 10.400.000 km |
Apoapsis | 13.034.000 km |
Exzentrizitéit | 0,1124 |
Ëmlafzäit | 259,20 Deeg |
Ëmlafvitess | 3,28 km/s |
Inklinatioun | 28,302° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser | 36 km |
Dicht | 2,6 g/cm3 |
Gravitatioun op der Uewerfläch | ? m/s2 |
Albedo | 0,04 |
Visuell Magnitude (mag) | 18,3 |
Entdeckung | |
Entdecker | S. B. Nicholson |
Entdeckungsdatum | 6. Juli 1938 |
De Lysithea gouf de 6. Juli 1938 vum Astronom Seth Barnes Nicholson um Mount-Wilson-Observatoire entdeckt. De Mound gouf no der Lysithea, enger Frëndin vum Zeus aus der griichescher Mythologie, genannt. E krut den offiziellen Numm am Joer 1975, virdru gouf hien als als Jupiter X bezeechent.
De Lysithea kreest ëm de Jupiter op enger mëttlerer Distanz vun 11.717.000 km. Eng Ëmdréiung ëm de Jupiter mécht hien an 250 Deeg, 4 Stonnen an 48 Minutten. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun ongeféier 0,11 an hien ass 28,3° géigeniwwer dem lokale Laplace-Plang, déi ongeféier mat dem Bunnplang vum Jupiter zesummefällt, gebéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt de Mound zu der Himalia-Grupp gezielt.
De Lysithea huet e mëttleren Duerchmiesser vu 36 km. Seng Dicht ass mat 2,6 g/cm³ relativ héich, wat drop hiweist, datt hien haaptsächlech aus silikateschem Gestengs besteet. Hien huet eng ganz däischter Uewerfläch an eng Albedo vun 0,04. Seng visuell Magnitude ass 18,3m.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.