franséisch Gemeng From Wikipedia, the free encyclopedia
Lonkech (fr: Longwy) ass eng franséisch Stad am Arrondissement Briey, Departement Meurthe-et-Moselle, an der Regioun Grand Est.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
![]() | |||||
![]() Fréiert Stadhaus zu Lonkech | |||||
Land | ![]() | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | ![]() | ||||
Arrondissement | Briey | ||||
Kanton | Longwy | ||||
Postcode | 54400 | ||||
Gemengecode | 54323 | ||||
Koordinaten | 49° 31’ 12’’ N 05° 45’ 38’’ O | ||||
Fläch | 534 ha | ||||
Bevëlkerung | 15 117 (2020) |
Lonkech läit op der Kuer, am Dräilännereck mat Éibeng (Belsch) a Rodange (Lëtzebuerg). Et huet 15.117 Awunner (2020), Longoviciens genannt, déi op 5,34 km² liewen.
Lonkech sëtzt sech aus dräi Deeler zesummen:
Lonkech huet, no der Deelung vu Lotharingien, zum Herzogtum Loutrengen gehéiert, gouf dunn awer 1292 dem Grof vu Bar verkaaft. 1368 gouf et, fir eng Schold ze bezuelen, un d'Herzogtum Lëtzebuerg verkaaft, goung awer 1378 nees hannescht u Bar. 1480 gouf et, zesumme mam ganzen Herzogtum Bar, an d'Herzogtum Loutrengen agegliddert. 1648 gouf et vu Frankräich ugegraff a bis 1660 besat, fir duerno nees u Loutrengen hannescht ze goen. 1670 hunn d'Fransousen et ageholl; am Traité vun Nijmegen (1678) ass dëst definitiv festgehale ginn. De Louis XIV. vu Frankräich huet dunn och gläich säi Festungsarchitekt Vauban ugestallt, d'Stad ze befestegen.
Am 19. Joerhonnert huet Lonkech sech, mat der Industrialiséierung schëtzeg entwéckelt. D'Stolkris huet Lonkech dunn och an den 1970er an -80er Joren haart getraff; d'Bevëlkerung ass ëm e puer Dausend zeréckgaangen.
Lonkech ass weiderhi bekannt fir seng Faïencerie (Émaux de Longwy). Et ass d'Gebuertsstad vum Moler Jean-Baptiste Fresez.
Commons: Longwy – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.