Floss mat Quell zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kuer (och Kar, Kor oder Korn, Chiers op Franséisch; Korn op Däitsch) ass e Floss zu Lëtzebuerg, laanscht der Belsch an a Frankräich. Si ass en Niewefloss vun der Meuse.
D'Kuer zu Charency-Vezin | |
An anere Sproochen |
fr: Chiers de: Korn |
---|---|
Längt | 112 km |
Debit | 30,6 m³/s |
Hydrographesche Baseng | Meuse-Baseng |
Fläch vum Baseng | 2.222 km² |
Originn | |
Originn | Quell |
Héicht | 340 m |
Koordinaten |
49° 30’ 14.2’’ N 05° 53’ 51.7’’ E |
Konfluenz | |
Leeft an | Meuse |
Plaz |
Bazeilles Remilly-Aillicourt |
Héicht | 151 m |
Koordinaten |
49° 39’ 31.0’’ N 4° 59’ 39.8’’ E |
Geographie | |
Land |
Lëtzebuerg Belsch Frankräich |
Regioun |
Minettsgéigend Gaume |
D'Kuer entspréngt an der Gemeng Déifferdeng südlech vun Uewerkuer op enger Héicht vun 318 m, um Fouss vum Ronnebierg um Flouer Korspronk, a leeft dann a Richtung Norde bis op d'Biff tëscht Nidderkäerjeng a Péiteng. Do béit se of no Westen, fir da weider laanscht Lénger a Péiteng bis op Rodange ze lafen. Zu Rodange leeft s'eriwwer a Frankräich, duerch Lonkech a Longuyon (Departement Meurthe-et-Moselle) a mécht bei Torgny (Gemeng Rouvroy) op e puer Kilometer d'Grenz mat der Belsch. Se leeft virun duerch Frankräich, laanscht Montmédy, (Departement Meuse) a Carignan (Departement Ardennes).
Op der Gemengegrenz vu Bazeilles mat Remilly-Aillicourt, no bei Sedan, leeft d'Kuer, no 112 km an d'Meuse.
Si ass ee vun de lëtzebuergesche Waasserleef, deen net zum Baseng vun der Musel gehéiert.
Mëttleren Debit vun der Kuer (a m³/Sekonn), gemooss an der hydrologescher Statioun vu Carignan
Gerechent iwwer 43 Joer [1].
Den 1. August 2019 ass um Terrain vun der Firma Kronospan zu Suessem e groussen Holzbrand ausgebrach. Wéi d'Réckhaltebecken d'Läschwaasser net méi all faasse konnten, ass et vun do aus an d'Kuer gelaf. An engem Pressecommuniqué hunn den Ëmweltministère an de CGDIS (Corps grand-ducal d'incendie et de secours) matgedeelt, datt Kuer duerch d'Läschwaasser staark belaascht gouf : d'Konzentratioun vun Ammonium (NH4+) hat staark zougeholl an et war kee geléiste Sauerstoff méi am Waasser, wat fatal fir d'Liewewiesen an der Baach war[2].
Nieweflëss vun der Meuse | |
---|---|
Lénks : Alyse - Andon - Bar - Burnot - Dieze - Ennemane - Faux -Féron - Forges - Geer - Gelbressée - Hermeton - Houyoux - Leffe - Légia - Mehaigne - Méholle - Molignée - Raam - Récourt - Sambre - Saônelle - Saulx - Scance - Sormonne - Vair - Vence - Viroin - Voer - Wame - Wiseppe - Yoncq | |
Riets : Aroffe - Berwinne - Bocq - Creuë - Flambart - Givonne - Goutelle - Geul - Houille - Hoyoux - Julienne - Kuer - Lesse - Mouzon - Niers - Ourthe - Roer - Rupt - Samson - Semois - Swalm - Vrigne | |
Kuckt och : Baseng vun der Meuse |
Commons: Chiers – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.