lëtzebuergesche Musekspedagog, Dirigent, Komponist an Organist From Wikipedia, the free encyclopedia
De Laurent (oder Lorenz) Menager, gebuer den 10. Januar 1835 am Pafendall, a gestuerwen och do de 7. Februar 1902, war e lëtzebuergesche Musekspedagog, Dirigent, Komponist an Organist.[1]
Laurent Menager | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
10. Januar 1835 Pafendall |
Gestuerwen |
7. Februar 1902 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Athénée de Luxembourg |
Aktivitéit | Komponist, Dirigent, Musikolog, Musekspedagog |
Famill | |
Kanner | Max Menager |
|
Wéi de Laurent Menager den 10. Februar 1902 um Kierfecht um Sichenhaff begruewe gouf, hu 6000-7000 Leit, dorënner d'Vertrieder vu 45 Veräiner, hien um leschte Gang begleet. De Staatsminister Eyschen huet d'Grafried gehalen.[2] Am Volksbote huet de Jean-Nicolas Moes doropshi vum verstuerwenen Nationalkomponist geschriwwen.[3] Och am Noruff am Luxemburger Wort gouf him d'Recht op deen Titel zougesprach.[4]
2020 huet den Organist Francis Lucas, am Kader vun senge Recherche fir seng Dokteraarbecht, an den Archive vum Carlo Hommel e Manuskript vum Laurent Menager vun 1850 fonnt. Domat ass et dat eelsten Dokument vum Komponist, deen dëst dräistëmmegt Gesangsstéck fir e Bouwechouer am Alter vu 15 Joer geschriwwen huet[5].
Placke mam Titel Nationalkomponist fënnt een op sengem Grafmonument vun 1905 um Sichenhaff, um Gebai vum Sang a Klang an op der Fassad vun der Pafendaller Kierch.
Den 18. September 1863 hat de Laurent Menager sech mat der 24 Joer aler Catherine Reinartz bestuet, déi awer schonn de 25. September 1865 gestuerwen ass.
Fënnef Joer duerno den 20. Juli 1871 huet hie sech eng zweet Kéier bestuet, an zwar mat der Elisabeth Buren aus dem Pafendall. Aus deem Bestietnes koume sechs Kanner, véier Bouwen an zwee Meedercher. Den eelste vun de Jongen, de Max, huet Musek studéiert a gouf och e landbekannte Komponist an Organist.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.