Remove ads
kathoulesch Kierch an der Gemeng Schengen From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kierch zu Bech-Maacher ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Schengen gehéiert. Bis zum bëscheeflechen Dekreet vum 6. Mee 2017 war Bech-Maacher eng eege Par am Parverband Schengen-Wellesteen, Pastoralregioun Osten.
| ||||
---|---|---|---|---|
Parkierch vu Bech-Maacher (2012) | ||||
Uertschaft / Plaz | Bech-Maacher | |||
Par | Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas | |||
Dekanat | Osten | |||
Numm / Patréiner | Hl. Haupert Hl. Rochus | |||
Konsekratioun | 1858 | |||
Architekt(en) | Charles Arendt | |||
Baujoer | 1858 | |||
Koordinaten | 49° 31’ 54.8’’ N 06° 21’ 14.5’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Rochus, deen de 16. August gefeiert gëtt. D'Kierch dréit awer den Titel vum hellegen Haupert, deem säi Festdag den 3. November ass.[1] D'Kierch steet op der Kräizung vun der Wäistrooss (N10) mat der Kierchstrooss. De Kierfecht ass hanner der Kierch ugeluecht.
Den 30. September 2020 gouf se als nationaalt Monument klasséiert.[2]
Bis zum Bau vun der Kierch am Joer 1858 haten déi zwou Kadastersektioune vum Duerf hir eege Kapell: d'Haupeschkapell an der Sektioun Bech zanter 1570, an d'Nikloskapell vu 1664 an der Sektioun Kleinmacher. Béid Kierche ware vun der Par Réimech ofhängeg. Fir eng eege Par ze ginn kruten d'Awunner d'Erlabnes eng nei Kierch am Zentrum vum Duerf ze bauen. No Pläng vum Staatsarchitekt Charles Arendt gouf se 1858 konsekréiert. Am nämmlechte Joer gouf och de Kierfecht hanner der Kierch ugeluecht, bis dohi hunn d'Duerfbewunner missen zu Réimech begruewe ginn.[3]
D'Uergel staamt aus dem Joer 1937 a gouf vun der Uergelmanufaktur Georges Haupt vu Lëntgen gebaut.
Commons: Kierch Bech-Maacher – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.