lëtzebuergeschen Ingenieur From Wikipedia, the free encyclopedia
De Joseph Friedrich Karl Clasen, gebuer de 4. Abrëll 1876 zu Gréiwemaacher, an do gestuerwen de 7. Dezember 1945,[1] war e lëtzebuergeschen Ingenieur an Industriellen.[2]
Joseph Clasen | |
---|---|
Gebuer |
4. Abrëll 1876 Gréiwemaacher |
Gestuerwen |
7. Dezember 1945 Gréiwemaacher |
Educatioun | Universitéit vu Léck |
Aktivitéit | Ingenieur, Banquier |
Famill | |
Papp | Frédéric Clasen |
Kanner | Carlo Clasen |
De Joseph Clasen war de Jong vum Dokter Fritz Clasen an de Brudder vum Bernard Clasen. Hien huet op der Universitéit vu Léck fir Ingenieur studéiert a konnt säi Studium am Oktober 1901 erfollegräich ofschléissen.[3]
Am Joer 1906 huet de Joseph Clasen zu Paräis zesumme mat sengem Kompatriot Paul Breisch, ingénieur des Arts et Métiers (Châlons s/M.), eng Géisserei gegrënnt (« Clasen et Breisch », rue de l'Aqueduc), wou se absënns « pièces détachées » fir Autoe fabrizéiert hunn.[4] Déi Zesummenaarbecht schéngt awer net laang funktionéiert ze hunn, well am August 1910 huet de Joseph Clasen, deen an der Tëscht an der Stad Lëtzebuerg gewunnt huet, de Breisch viru Geriicht zitéiert, well deen him 1.220 Frang schëlleg war.[5]
De Joseph Clasen huet sech am Mee 1911 zu Diddenuewen mat der Charlotte Leclaire, déi zu Guentrange gewunnt huet, bestuet. D'Braut war den 13. Januar 1889 zu Diddenuewen als Duechter vum Banquier Léon Leclaire[6] op d'Welt komm. D'Koppel huet an der Stad gewunnt, wou hiert éischt Kand, d'Jacqueline Marie Thérèse Blanche Charlotte Clasen, de 26. August 1913 gebuer gouf.[7],[8]
An de Joren dono ass d'Famill Clasen-Leclaire op Diddenuewe geplënnert, wou de Joseph Clasen als Banquier respektiv Bankdirekter geschafft huet. Zu Diddenuewen koume seng zwéi Jongen, den André an de Carlo, op Welt.
De Joseph Clasen war aktive Member vun der Association « Les Luxembourgeois en Lorraine »: Vizepresident am Joer 1923,[9] President am Joer 1928[10].
1927 gouf de Joseph Clasen Member vum Verwaltungsrot vun de Caves Bernard-Massard, dee vu sengem Brudder Bernard Clasen presidéiert gouf. Nom Doud vu sengem Brudder am Juni 1935 huet hien d'Leedung vun der Kellerei als Direkter an als Administrateur-délégué iwwerholl. Ufanks war hien nëmmen zwéin Deeg an der Woch op der Plaz; Enn der 1930er Joren huet hie sech ganz zu Maacher installéiert.[11],[12]
De Joseph Clasen ass méindes, den 10. Dezember 1945, um dräi Auer nomëttes begruewe ginn.[1] D'Obermosel-Zeitung huet senger esou geduecht: „Joseph Clasen war ein stiller, ein vornehmer Mensch, der nie an die breite Öffentlichkeit getreten ist, aber der die Achtung und Sympathie aller Menschen genoß, die in engeren Verkehr mit ihm gekommen waren. Sein Begräbnis sollte in aller Stille stattfinden, seinem Wunsch gemäß. Trotzdem hatten sich zahlreiche Freunde eingefunden, um ihm das letzte Geleit zu geben.“[11]
No sengem Doud hu seng Jongen André a Carlo d'Relève iwwerholl. Den André war nach keng 30 Joer al an de Carlo hat der just 22. Den André Clasen koum am September 1957 bei engem Autosaccident ëm d'Liewen, a vun do un huet säi Brudder de Betrib eleng geleet.[13]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.