lëtzebuergeschen Theolog, Kaploun, Archeolog, Historiker, Numismatiker, Auteur a Pedagog From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jean (oder Johann) Engling, gebuer den 13. Oktober 1801 zu Chrëschtnech, a gestuerwen den 13. Mäerz 1888 um Marienhaff (haut Lampertsbierg), war e lëtzebuergeschen Theolog, Kaploun, Archeolog, Historiker, Numismatiker, Auteur a Pedagog.
Vun 1825 bis 1828 war hie Professer am Collège communal zu Iechternach.
Am Athenäum war hie Philosophie- an Theologie-Professer vun 1841 bis 1869.
Jean Engling | |
---|---|
Gebuer |
13. Oktober 1801 Chrëschtnech |
Gestuerwen |
13. Mäerz 1888 Lampertsbierg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Philolog, Archeolog, Schrëftsteller, Universitéitsprofesser, Paschtouer, Lycéesprofesser |
Vun 1845 un war hien um Seminär vu Lëtzebuerg an huet do Philosophie an Theologie enseignéiert.
Vun 1853 bis 1876 a vun 1885 bis 1888 war hie President vun der "Archeologescher Gesellschaft", déi 1868 d'Section des sciences historiques vum Institut royal grand-ducal gouf.
Hie war och eng gewëssen Zäit Doumhär vun der Kathedral an der Stad Lëtzebuerg.
Zu Dummeldeng krut eng Strooss (rue Jean Engling) den Numm vun dësem villsäitege Mann.
A senger Portrait-Gallerie[1] schreift de Charles Arendt iwwer den Engling: Im Privatleben war er still und zrückgezogen. Seine Devise lautete «ora et labora». Mit stoischem Gleichmut allen materiellen Genüssen, besonders jedem Luxus entsagend, mochte der bescheidene Mann bei Vielen als Sonderling gelten. Die Wenigen, die ihm näher standen, bewunderten indes seine makellose, segensreiche Eigenart, sein selbstloses Bestreben, der Menschheit nützlich zu sein mittelst rastloser Pflege der Wissenschaft und diskreter Ausübung der Charitas. - Tatsache ist, daß alles, was er durch seine nüchterne Lebensweise erübrigte, den Armen zufloß.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.