Uertschaft an der Gemeng Waldbëlleg From Wikipedia, the free encyclopedia
Chrëschtnech (lokal: Chrëstnech[2]) ass eng Uertschaft an der Gemeng Waldbëlleg.
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Chrëschtnech Chrëstnech | |
---|---|
Aussprooch |
|
An anere Sproochen |
fr: Christnach de: Christnach |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Iechternach |
Gemeng | Waldbëlleg |
Buergermeeschter | Andrée Henx-Greischer |
Awunner | 847 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 867,9860 ha[1] |
Héicht | 325 m |
Koordinaten |
49° 47’ 19’’ N 06° 16’ 23’’ O |
Chrëschtnech gouf, wéinst senger gutt erhalener Architektur vu Bauerenhaiser aus dem 18. Joerhonnert vum Service des sites et monuments nationaux an den 1970er Joren zum Modellduerf deklaréiert an ass als eent vun den éischten Dierfer am Land systematesch renovéiert ginn. Verschidden Häff si sougenannt Véierkant-Häff, d. h. se sinn op 4 Säite ëm e Bannenhaff zougebaut (mat Wunnhaus, Ställ a Scheieren).
Kuckeswäert ass ë. a. och déi al Uelegsmille mat engem Weekräiz nieft dem Portal, dat e polychrome Relief vun enger Pietà weist.
E puer klasséiert Haiser (Nationalmonument oder Zousazinventaire):
Am Oste vun der Uertschaft an deelweis op der Sektioun Waldbëlleg läit de Golf and Country Club Christnach deen en 18-Lach-Parcours bitt a Par 70 klasséiert ass.
Commons: Chrëschtnech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.