James Dunlop
schotteschen Astronom From Wikipedia, the free encyclopedia
schotteschen Astronom From Wikipedia, the free encyclopedia
Den James Dunlop, gebuer den 31. Oktober 1793 zu Dalry, Schottland, a gestuerwen den 22. September 1848 zu Boora Boora, Australien, war en a Schottland gebuerenen Astronom, dee spéider an Australien täteg war.
James Dunlop | |
---|---|
Gebuer |
31. Oktober 1793 Schottland |
Gestuerwen |
22. September 1848 New South Wales |
Nationalitéit | Australien |
Aktivitéit | Astronom |
Member vun | Royal Society, Royal Society of Edinburgh |
Den Dunlop, deen am Ufank an enger mechanescher Fabrick geschafft huet, fabrizéiert vun 1810 un Teleskope.
Nodeem hien 1820 d'Bekanntschaft mat dem Sir Thomas Brisbane gemaach huet, huet hien ugefaange sech ëmmer méi fir Astronomie z'interesséieren. Am Joer 1821 gouf hien Assistent vum Karl Rümker am neien Observatoire vu Parramatta an New South Wales.
Vun 1827 bis 1831 schafft hien um private Brisbane-Observatoire zu Roxburgh a Schottland.
Am Joer 1831 ass hien Direkter vum Observatoire vu Parramatta ginn, wou hie bis 1847 geschafft huet.
Den Dunlop verëffentlecht e Katalog mat 7835 Duebelstären am Joer 1826, souwéi e Katalog mat 629 nei entdeckten niwwelegen Objeten (1828), kuckt Dunlop-Katalog.
Fir seng Leeschtunge gouf hien 1828 mat der Goldmedail vun der Royal Astronomical Society ausgezeechent.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.