From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Hinode (japanesch ひので; Sonnenopgank) ass e Weltraumteleskop, dat vun der japanescher Raumfaartagentur JAXA mat Bedeelegung vun der ESA, vun der brittescher Fuerschungsorganisatioun PPARC a vum Marshall Space Flight Center vun der NASA, ufanks ënner dem Numm SOLAR-B entwéckelt gouf. Mat dem Satellit sollen d'Wiesselwierkungen tëscht dem Magnéitfeld vun der Sonn an der Sonnekorona ënnersicht ginn. Hinode ass d'Nofollegmissioun vum Satellit Yohkoh (SOLAR-A), deen tëscht 1991 an 2001 operéiert hat.
Hinode (SOLAR-B) | |
---|---|
Typ | Weltraumteleskop |
Land | Japan |
Agentur | JAXA |
Apogeum | 705 km |
Perigeum | 678 km |
Bunnschréi | 98,1° |
Mass | 900 kg |
Gréisst | 1,6 × 1,6 × 4,0 m |
Bunn-Ëmlafzäit | 98,4 min |
Start | 22. September 2006, 21:36 Auer UTC |
Startplaz | Uchinoura Space Center |
Drorakéit | M-V-7 |
Status | aktiv |
Den Hinode gouf mat enger japanescher Drorakéit vum Typ M-V den 22. September 2006 um 21:36 Auer UTC vum Uchinoura Space Center op der südlecher Spëtzt vun der Insel Kyushu an den All geschoss. Den Hinode war déi lescht Notzlaascht vun dësem Rakéitentyp, well d'Produktioun vun der M-V no dësem Start agestallt gouf. Den zirka 900 kg schwéiere Satellit gouf an engem 280 × 686 km héijem Iwwerganksorbit ausgesat, deen an de Wochen nom Start mat satellitteneegenen Dreifwierker zu engem 600 km héijen sonnesynchronen Orbit korrigéiert sollt ginn. Nom Start krut de SOLAR-B den Numm Hinode. D'Missioun war op dräi Joer ausgeluecht.
Am Februar/Mäerz 2007 huet den Hinode éischt Biller am Röntgenberäich gemaach, déi d'verwéckelt Magnéitfelder an der Korona vun der Sonn weisen. Duerch dës Fotoen konnt d'Theorie, datt duerch sou Prozesser héichenergetesche Deelercher produzéiert ginn, geséchert ginn.
Héizou sinn am Allgemengen dräi Instrumenter ageriicht:
D'Fotoen an d'Miessunge vun allen dräi Instrumenter ginn an engem kollektive Signalprozesser zu engem totale Signal verbonnen, awer och eenzel bereetgestallt.
Spezifikatiounen:
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.