lëtzebuergesche Fuerscher an Erfinder From Wikipedia, the free encyclopedia
De William J. Kroll (och nach: Guillaume J. Kroll) gebuer de 24. November 1889 zu Esch-Uelzecht als Wilhelm Justine Adolph Kroll[1], a gestuerwen den 30. Mäerz 1973 zu Bréissel, war e lëtzebuergesche Fuerscher an Erfinder.
William J. Kroll | |
---|---|
Gebuertsnumm | Wilhelm Justine Adolph Kroll |
Gebuer |
24. November 1889 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen |
30. Mäerz 1973 Bréissel |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Athénée de Luxembourg |
Aktivitéit | Chimist, Metallurgist, Erfinder |
De Kroll huet seng Kandheet am Schiet vun den Héichiewe vun der Brasseurs Schmelz verbruecht, wou säi Papp Direkter war.
1909 huet en d'Première um Athenäum an der Stad gemaach, an duerno huet hien, wéi och seng Bridder, fir Ingenieur an Däitschland, zu Berlin-Charlottenburg studéiert, wou e maxima cum laude säin Doktertitel krut.
Nodeem en an Däitschland, Éisträich an Ungarn bei verschiddenen Entreprisë geschafft hat, an ë. a. en neie Bläi-Aluminiumalliage entwéckelt hat, koum de Kroll 1923 zeréck op Lëtzebuerg an huet an der Stad um Belair d'Villa Leclerc, an där haut de Kadaster ass, an e Laboratoire ëmgebaut. Do huet e souzesoen als Ee-Mann-Betrib am Beräich vun der Metallurgie geschafft a gefuerscht, virun allem iwwer den Titan an Alliagen dovun.
Am Februar 1940 ass de Guillaume Kroll an Amerika ausgewandert. Fir d'éischt huet e fir d'Union Carbide and Carbon geschafft, duerno fir de Bureau of Mines am Oregon an op der Oregon State University, wou en och säi Wëssen un d'Studente weiderginn huet. 1946 huet en deen no him genannte Kroll-Procedé entwéckelt, deen et erméiglecht, Titan an Zirkonium duerch Reduktioun op industrieller Basis ze produzéieren. Titan ass geneesou zolidd wéi Stol, mä méi liicht, a gëtt dofir vill an der Aeronautic gebraucht.
De W. J. Kroll huet iwwer 50 Patenter ugemellt, fir Metall-Legéierungen ze produzéieren. En ass Éierendokter vun net manner wéi 5 Universitéiten a krut ë. a. 1954 d'James Douglas Gold Medal vum American Institute of Mining, Metallurgical and Petroleum Engineers.
1958 krut hien d'Perkin Medal, déi bedeitendst Auszeechnung fir Innovatiounen an der ugewannter Chimie an den USA.
1961 koum de W. J. Kroll zeréck an Europa an huet bei sengem Brudder an der Géigend vu Bréissel gewunnt, wou en och 1973 gestuerwen ass. Virdru koum en awer e puermol op Lëtzebuerg, an ass och do um Nikloskierfecht begruewe ginn.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.