lëtzebuergesch Uertschaft am Kanton Réiden From Wikipedia, the free encyclopedia
Groussbus (lokal: Bus[1]) ass eng lëtzebuergesch Uertschaft am Kanton Réiden an den Haaptuert vun der Gemeng Groussbus-Wal.
Groussbus Bus | |
---|---|
Rëtsch vu klasséierten Haiser (IS) an der Mierscher Strooss | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Grosbous de: Grosbous |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Réiden |
Gemeng | Groussbus |
Buergermeeschter | Paul Engel |
Awunner | 1.012 |
1. Januar 2023 | |
Héicht | 344 m |
Koordinaten |
49° 49’ 39’’ N 05° 57’ 56’’ O |
Groussbus läit op enger Héicht vu 470 m.
Duerch d'Uertschaft leeft d'Waark, déi zu Gréiwels entspréngt.
Duerch Groussbus lafen d'Nationalstrooss 12 an d'N21.
Bous oder Buhs ass dat keltescht Wuert fir Mëllechkummer.
1989 huet een zu Groussbus um Flouer Heidebierg e Won aus der Zäit vun 1000 v. Chr. fonnt. E beleet datt d'Kelten op dëser Plaz eng Siidlung haten an als Véiziichter gelieft hunn[2].
Am nämmlechte Streech fënnt een Zillen an Eeserech aus der Zäit vun de Réimer.
Am 11. Joerhonnert steet zu Groussbus eng Kierch. Vun 1089 un ass d'Duerf eng eege Par.
Iwwer d'Joerhonnerten huet d'Populatioun vum Duerf deels staark ënner Kricher a Krankheete gelidden.
Tëscht 1640 a 1650 léisst de Peter Jolliot e Schlass bauen, dat 1966/67 ofgerappt gëtt.
Nodeems 1712 de Blëtz an déi al Kierch aschléit, gëtt 1719 déi haiteg Kierch gebaut. 1849 gëtt de Kierchtuerm nees vum Blëtz getraff an dat Joer drop, 1850, gëtt den neien Tuerm opgeriicht.
Virum 1. September 2023 huet Groussbus zu der Gemeng Groussbus gehéiert, där hire Chef-Lieu et war. Dës huet du mat der Gemeng Wal zu der Gemeng Groussbus-Wal fusionéiert.
Commons: Groussbus – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.