Remove ads
franséische Schrëftsteller, Journalist an Dréibuchauteur From Wikipedia, the free encyclopedia
De Gilles Perrault, gebuer als Jacques Peyroles dem 9. Mäerz 1931 zu Paräis, a gestuerwen den 3. August 2023 zu Sainte-Marie-du-Mont[1], war e franséische Schrëftsteller, Journalist an Dréibuchauteur.
Gilles Perrault | |
---|---|
Gebuertsnumm | Jacques Peyroles |
Pseudonym | Sidney Vania, Gil Perrault, Gilles Perrault |
Gebuer |
9. Mäerz 1931 13. Arrondissement |
Gestuerwen |
3. August 2023 Sainte-Marie-du-Mont |
Doudesursaach | Häerzkollaps |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
Collège Stanislas, Institut d'études politiques de Paris |
Aktivitéit | Journalist, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Affekot, Romancier |
Mamm | Germaine Peyroles |
Hien huet um Institut d'études politiques zu Paräis studéiert a gouf dono Affekot, e Beruff, deen e 5 Joer laang praktizéiert huet.
Nom Succès vu sengem Essay Les parachutistes (1961), dee vu sengem Militärdéngscht an Algerien inspiréiert ass, gouf hie Journalist an huet ënnert anerem iwwer Indien ënner dem Nehru, d'Olympesch Summerspiller 1964 zu Tokyo an d'Situatioun vun den afro-amerikanesche Bierger an de Vereenegte Staaten, Artikele publizéiert, sou wéi och iwwer manner bekannt Aspekter vum Zweete Weltkrich.
Zanter 1961 huet hien zu Sainte-Marie-du-Mont an der Manche gelieft, iwwer dat en a sengem Buch Les gens d'ici geschriwwen huet.
Fir Le Secret du jour J (1964) iwwer d'Virbereedunge vun der Réisitence, op franséischer Säit, vum Debarquement vun den Alliéierten am Juni 1944, deen do en internationale Bestseller gouf, gouf hie vum Comité d'action de la Résistance mat engem Präis ausgezeechent. L'Orchestre rouge (1967) hat nach méi Succèsl. 1969 huet de Perrault e Spionageroman Le dossier 51 geschriwwen, bei deem e spéiderhin zesumme mam Michel Deville d'Dréibuch fir d'Verfilmung ënnert dem selwechten Titel geschriwwen huet. Och fir aner Filmer huet hien d'Dréibicher (mat)geschriwwen: wéi Le sepent (zesumme mam Henri Verneuil), oder La petite bande (verfilmt vum Deville).
1978 koum säi wuel bekanntste Roman Le Pull-over rouge, eraus, an deem en d'Enquête iwwer e Muerd un engem Meedchen thematiséiert huet, fir deen de Christian Ranucci 1978 zum Doud verurteelt an higeriicht gouf, woubäi hien d'Schold vum Ranucci a Fro gestallt huet. Dëse Roman, vun deem eng Millioun Exemplairë verkaaft gouf, huet mat zu enger grousser Debatt iwwer d'Doudesstrof a Frankräich bäigedroen[2] De Perrault gouf awer och wéinst Calomnie géint véier Polizisten, déi un der Enquête bedeelegt waren, verurteelt, deenen e virgeworf hat, hir Aarbecht net gutt gemaach ze hunn[3]
1980, huet hien d'Teleeserie Julien Fontanes, magistrat mam Jean Cosmos geschaf.
1990 koum Notre ami le roi iwwer den Hassan II. vu Marokko, an d'Verletzunge vu Mënscherechter ënner sengem Regime eraus.
Säi Roman Le Garçon aux yeux gris (2001) gouf 2003 vum André Téchiné als Les Égarés verfilmt.
De Gilles Perrault war zesumme mam Sänger Renaud ee vun de Grënnungsmembere vun der Associatiounça suffat comme ci, déi sech asetzt fir de Länner vun der Drëtter Welt hir Scholden ze erloossen. Hie war och Member vum Comité vun der Coordination française pour la Décennie, déi sech fir Gewaltfräiheet a Friddenskultur asetzt. Och bei Ras l'front enger lénkser Unioun géint de Front National (haut: Rassemblement national) huet hie sech engagéiert.[4]
Déi éischt 12 Romaner koume bei Ditis an der Collectioun « La Chouette », ënner dem Pseudonym Gil Perrault eraus.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.