De Gemini-Programm war nom Mercury-Programm den zweete bemannte Raumfaartprogramm vun den USA. Zil vum Gemini-Programm war d'Entwéckele vu Methoden an Technologie fir den Apollo-Programm. A sengem Kader goufen 1965 an 1966 zéng bemannt Raumflich gemaach, bei deenen d'Astronauten ënner anerem déi éischt amerikanesch Baussebordasätz trainéiert hunn.

Thumb
De Gemini-Logo
Thumb
Titan II-Rakéit beim Start vu Gemini 9
Thumb
Astronautegruppen 1 an 2
Thumb
Astronautengrupp 3
Thumb
Gemini-Raumschëff
Thumb
Agena-Zilsatellit

D'Strategie

Gemini gouf aus der Nout gebuer, woubäi et der NASA méiglech war, doraus eng Dugend ze maachen. No der Astellung vun de Mercury-Flich, dat war relativ kloer, géif e Lach vun dräi bis véier Joer entstoen, bis d'Apollo-Missiounen ufänke géifen. Wäertvoll Joren, déi dréngend gebraucht géifen, fir déi erfuerderlech Technologien, z. B. Kopplungsmechanismen, Liewenserhalungssystem, EVA-Kostümer asw., auszeprobéieren. Aus dësem Grond war am Ufank geplangt, de Mercury-System zu engem Raumschëff fir zwéi Mann ëmzebauen, genannt Mercury Mark II. De Virdeel hätt dora geleeën, duerch Réckgrëff op d'vireg Technik Entwécklungskäschten ze spueren an d'Zäit bis zum Ufank vum bemannten Apollo-Fluchprogramm sënnvoll iwwerbrécken ze kënnen. Déi wiesentlech Ännerungen hätten am Abau vun engem zweete Sëtz, der Montage vun enger leeschtungsstaarker Manövréiereenheet an dem Asaz vun enger Uewerstuf déi et scho gouf, als Docking-Attrappe bestanen.

Gemini steet am Laténgesche fir d'Stärebild Gemini (Zwilling), woumat den Numm sech op dat zweesëtzegt Raumschëff an d'Rendez-vousmanövere bezitt. Offiziell krut de Programm säin Numm den 3. Januar 1962, nodeem am Dezember 1961 ëm Virschléi gefrot gouf. Den Numm Gemini gouf vun zwou Persoune virgeschloen.

D'Astronauten

Fir d'Ënnerstëtzung vun deene schonn ausgebillte Mercury-Astronauten hat d'NASA sech den 18. Abrëll 1962 entschloss, fënnef bis zéng nei Astronauten ze rekrutéieren, wourop sech 253 Kandidate gemellt hunn.

De 17. September 1962 gouf d'Grupp 2, déi aus néng Astronaute bestanen huet, der Ëffentlechkeet virgestallt. Dëst waren Neil Armstrong, Frank Borman, Charles Conrad, James Lovell, James McDivitt, Elliott See, Thomas Stafford, Edward White an John Young.

D'Auswiel vun der drëtten Astronautegrupp hat de 5. Juni 1963 mat enger weiderer Ausschreiwung ugefaangen. D'NASA huet déi 14 erfollegräich Kandidaten den 18. Oktober 1963 virgestallt: Edwin Aldrin, William Anders, Charles Bassett, Alan Bean, Eugene Cernan, Roger Chaffee, Michael Collins, Walter Cunningham, Donn Eisele, Theodore Freeman, Richard Gordon, Russell L. Schweickart, David Scott an Clifton Williams.

Domat war d'Zuel vun den aktive Astronaute fir d'Programmer Gemini an Apollo op 27 geklomm, well d'Mercury-Astronauten Glenn, Carpenter a Slayton aus verschiddene Grënn fir d'Gemini-Programm net zur Dispositioun stoungen.

Den Theodore Freeman war den 31. Oktober 1964 bei engem Fligerongléück gestuerwen. Den Elliot See an den Charles Bassett, déi als Crew fir d'Gemini 9 virgesi waren, koumen den 28. Februar 1966 och bei engem Fligerofstuerrz ëm d'Liewen. De Virgil Grissom, den Edward White an de Roger Chaffee sinn de 27. Januar 1967 bei der Apollo-1-Katastroph gestuerwen, an de Clifton Williams war de 5. Oktober 1967 verongléckt.

Bemannt Missiounen

Méi Informatiounen Missioun, Start ...
Missioun Start Landung Dauer Crew Ziler Bemierkung
Gemini 3
23. Mäerz 1965 23. Mäerz 1965 4h 52min Virgil Grissom,
John Young
éischten 2-Mann-Fluch vun der USA  
Gemini 4
3. Juni 1965 7. Juni 1965 4d 1h 56min James McDivitt,
Edward H. White
éischte Baussebordasaz (White) vun der USA  
Gemini 5
21. August 1965 29. August 1965 7d 22h 55min Gordon Cooper,
Charles Conrad
Aussetzen a Rendez-vousmanöver mat engem matgefouerten Zilsatellit  120 voll Äerdëmrondungen
Gemini 6
15. Dezember 1965 16. Dezember 1965 1d 1h 51min Walter Schirra,
Tom Stafford
Rendez-vous mat Gemini 7 Dee fir Oktober 1965 geplangte Rendez-vous mam onbemannten Agena-Satellit gouf gestrach, well deem seng Drorakéit nom Start explodéiert war.

De Start vu Gemini 6 gouf op den Dezember, nom Start vu Gemini 7, verréckelt. Dee Fluch ass och ënner der Nummer 6-A gelaf.

Gemini 7
4. Dezember 1965 18. Dezember 1965 13d 18h 35min Frank Borman,
James A. Lovell
Fluch deen zwou Wochen dauert, Rendez-vous mat Gemini 6, deen e puer Deeg no Gemini 7 gestart gouf. Missiounszil: Noweis fir d'Realiséiere vun engem Raumfluch dee 14 Deeg dauert  
Gemini 8
16. Mäerz 1966 17. Mäerz 1966 10h 41min Neil Armstrong,
David Scott
Kopplung mam GATV-Zilsatellit Problemer mat der Steierung, d'Raumschëff geréit wärend der Kopplung mat der Agena a Rotatioun, Fluch ofgebrach
Gemini 9
3. Juni 1966 6. Juni 1966 3d 21min Tom Stafford,
Eugene Cernan
Rendez-vous mam ATDA-Zilsatellit Geplangt Kopplung goung schif, well d'Verkleedung vum Zilsatellit sech net geléist hat
Gemini 10
18. Juli 1966 21. Juli 1966 2d 22h 47min John Young,
Michael Collins
Kopplung mam GATV-Zilsatellit éischt Kopplung mam Zilsatellit a Gebrauch vum Undriff vum frieme Raumkierper
Gemini 11
12. September 1966 15. September 1966 2d 23h 17min Charles Conrad,
Richard Gordon
Kopplung mam GATV-Zilsatellit 
Gemini 12
11. November 1966 15. November 1966 3d 22h 35min James A. Lovell,
Edwin Aldrin
Kopplung mam GATV-Zilsatellit bis dohi längste Baussebordasaz mat 5,5 Stonnen
Zoumaachen

Mat der Landung vu Gemini 12 de 15. November 1966 an nodeem de Gemini-Büro den 1. Februar 1967 zougemaach gouf, war de Gemini-Programm fäerdeg.

Technesch Daten

Thumb
Gemini-Raumschëff bei de Startpréparatioun

Gemini-Raumschëff

  Haaptartikel zu dësem Theema: Gemini-Raumschëff  D'Landekapsel vum Gemini-Raumschëff war 5,8 Meter laang an hat en Duerchmiesser vun dräi Meter. D'Luke konnte wärend dem Openthalt am Weltraum op an zougemaach ginn, sou datt Aktivitéite baussnt dem Raumschëff méiglech waren. E spezielle Kopplungsmodul war fir d'Undockmanöver virgesinn. D'Landekapsel war ronn 3.800 kg schwéier. Et war fir d'éischt datt bei engem Raumschëff eng Polymerelektrolytbrennstoffzell als primär Energieversuergung agesat gouf. Net nees opluedbar Batterie waren nëmme fir den Neesantrëtt an d'Atmosphär a fir Noutfäll geduecht. Et war och fir d'éischt datt e Bordcomputer, de Gemini Digital Computer, fir d'Ënnerstëtzung vun der Besatzung bei Berechnungen agesat gouf. De Computer aus 5 Platinne mat 510 Modullen hat e Späicher vun nëmme 4.086 Befeelswierder vu jee 39 Bit Längt. Well sech dësen als ze kleng erausgestallt hat gouf hie vu Gemini 8 un duerch e Magnéitbandlafwierk ergänzt, dat d'Späicherkapazitéit op dat siwefacht vergréissert huet.[1]

Seriennummere vun de Rakéiten

Thumb
Gemini 6 wärend dem Rendez-vous mat Gemini 7

Wéi d'Mercury-Redstone- an Mercury-Atlas-Rakéite virun hinnen, gouf och d'Gemini-Titan-Rakéite vun der NASA iwwer d'United States Air Force geuerdert a waren eigentlech Rakéiten, déi fir militäresch Asätz geduecht waren. D'Air Force war fir de Startkomplex 19 op der Cape Canaveral Air Force Station verantwortlech an hat all Gemini-Starte virbereet an ausgeféiert. Dofir haten déi éischt an zweet Stuf och Seriennummere vun der US-Air Force. Si waren op jee géigeniwwerleiende Säiten um ënneschten Enn vun der Stuf ubruecht. Well d'Rakéiten am Joer 1962 bestallt goufen, sollt eng Seriennummer eigentlech der Virlag 62-12XXX nokommen. Op de Stufe vun der Titan II war awer nëmmen 12XXX vermierkt.

  • 12556 – GLV-1 – Gemini 1
  • 12557 – GLV-2 – Gemini 2
  • 12558 – GLV-3 – Gemini 3
  • 12559 – GLV-4 – Gemini 4
  • 12560 – GLV-5 – Gemini 5
  • 12561 – GLV-6 – Gemini 6–A
  • 12562 – GLV-7 – Gemini 7
  • 12563 – GLV-8 – Gemini 8
  • 12564 – GLV-9 – Gemini 9A
  • 12565 – GLV-10 – Gemini 10
  • 12566 – GLV-11 – Gemini 11
  • 12567 – GLV-12 – Gemini 12
  • 12568 – GLV-13 Bestallt vun der NASA 1962, ofbestallt den 30. Juli 1964 / net gebaut
  • 12569 – GLV-14 Bestallt vun der NASA 1962, ofbestallt den 30. Juli 1964 / net gebaut
  • 12570 – GLV-15 Bestallt vun der NASA 1962, ofbestallt den 30. Juli 1964 / net gebaut

Referenzen

  1. Bernd Leitenberger: Das Gemini Programm S.22

Kuckt och

Literatur

DVDs

Um Spaweck

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.