Remove ads
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Redstone (militäresch och als PGM-11A oder SSM-A-14 bezeechent) war déi éischt US-amerikanesch ballistesch Rakéit. Si baséiert op der Technologie vun der däitscher A4-Rakéit a gouf mat Bedeelegung vun däitsche Rakéitentechniker ënner dem Walter Dornberger an dem Wernher von Braun entwéckelt.
D'Entwécklung vun der Redstone hat Enn 1944 als Deel vum Hermes-Programm (Hermes-C1 mat 800 km projetéierter Reechwäit) ugefaangen. D'Aarbechten un der Rakéit goufen nom Krich awer nëmme lues virugedriwwen. Dëst hat sech eréischt nom Koreakrich ëm 1950 geännert. Un d'Rakéit gouf elo méi héich Fuerderunge gestallt, z. B. méi eng grouss Notzlaascht. Vun 1951 u war dunn déi eigentlech Entwécklung vun der Rakéit um Redstone Arsenal zu Huntsville (Alabama) ënner der Leedung vum Wernher von Braun ugelaf. Am Abrëll 1952 gouf si a Redstone ëmgenannt. Redstone hätt sollen eng Buedem-Buedem-Rakéit fir d'US Army ginn. Hir Konstruktioun war Mëtt 1952 ofgeschloss. D'Rakéit konnt e nukleare Fusiounssprengkapp vun 3.000 kg an enger Sprengkraaft bis zu 3,75 Mt TNT-Equivalent iwwer 320 km droen a war domat éischter eng Kuerzstreckerakéit. D'Ausschreiwung fir de Bau vun der Rakéit hat am Oktober 1952 d'Firma Chrysler gewonnen, déi dann och mat der Testproduktioun ugefaangen huet. Den éischten Testfluch vun der Rakéit war den 20. August 1953. 1955 gouf mat der Produktioun vun der Serieversioun, ugefaangen. Am Juni 1958 gouf déi éischt Redstone-Eenheet a Westdäitschland stationéiert. Bis zum leschte Start, den 30. November 1965 gouf et 56 Starte vun der Serieversioun, dovun 28 Feelstarten. Am Ganze goufe ronn 120 Rakéite gebaut (dovu 35 fir den Testprogramm). Bei Tester gouf et am Total 47 Feelstarten. D'Zouverlässegkeet vum Typ war dofir zimmlech kleng.[1]
Trotzdeem konnt duerch déi erprouften Technologie relativ séier nom Sputnik-Schock eng Drorakéit produzéiert ginn. Mat dëser Hëllef konnt eng Rei vu Weltraummissioune gestart ginn. Dozou hunn déi éischt US-amerikanesch Satellitten Explorer 1 an déi éischt bemannt suborbital Raumflich mat Mercury-Raumschëffer gehéiert.
An Däitschland stounge véier mobil Ofschossrampe mat Ausrëschtung a jee eng Rakéit fir nozelueden. Redstone waren och an Italien an an der Tierkei stationéiert. Aus der Tierkei goufe se no der Kubakris ofgezunn.
Am Kader vun der Operation Hardtack am August 1958 goufen zwou Redstone mat atomare Sprengkäpp getest. Béid Sprengsätz haten eng Sprengkraaft vun 3,75 Megatonnen. Et waren déi éischt Atombommentester vun den USA, déi mat enger Rakéit gemaach goufen.
Redstone | Jupiter-C/Juno-1 | Redstone Mercury | |
---|---|---|---|
Längt | 21,1 m | 21,3 m | 25,5 m |
Spanwäit | 3,66 m | 3,66 m | 3,66 m |
Duerchmiesser | 1,78 m | 1,78 m | 1,78 m |
Startmass | 29,0 t | 31,5 t | ~30 t |
Stufen | 1 | 4 | 1 |
1. Stuf | |||
Dreifwierk | North American Rocketdyne NAA75-100 (A-6) mat Stralrudder | Rocketdyne A-7 | Rocketdyne A-7 |
Startschub | 347 kN | 369 kN | 357 kN |
Dreifstoff | Ethanol an LOX | Hydyne an LOX | Ethanol an LOX |
Brenndauer | 135 s | 155 s | 155 s |
Start-/Eidelmass | 28,4 / 3,89 t | 30,96 / 6,16 t | 30,96 / 6,16 t |
2. Stuf | |||
Dreifwierk | 11 Thiokol Sergeant | ||
Schub | 73,4 kN | ||
Dreifstoff | TPH | ||
Start-/Eidelmass | 327/90 kg | ||
Brenndauer | 6,5 s | ||
Längt | 1,3 m | ||
Duerchmiesser | 0,86 m | ||
3. Stuf | |||
Dreifwierk | 3 Thiokol Sergeant | ||
Schub | 24,0 kN | ||
Dreifstoff | TPH | ||
Start-/Eidelmass | 94/28 kg | ||
Brenndauer | 6,5 s | ||
Längt | 1,3 m | ||
Duerchmiesser | 0,41 m | ||
4. Stuf | |||
Dreifwierk | 1 Thiokol Sergeant | ||
Schub | 8,0 kN | ||
Dreifstoff | TPH | ||
Start-/Eidelmass | 27/5 kg | ||
Brenndauer | 6,5 s | ||
Längt | 1,3 m | ||
Duerchmiesser | 0,15 m |
Commons: Redstone-Rakéit – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.