Remove ads
lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Esch-Uelzecht From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Gemeng Reckeng op der Mess ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Esch-Uelzecht. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Reckeng op der Mess vun där se och hiren Numm huet.
Gemeng Reckeng op der Mess | |
---|---|
D'Märei zu Reckeng | |
An anere Sproochen |
fr: Reckange-sur-Mess de: Reckingen/Mess |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Esch-Uelzecht |
Chef-lieu | Reckeng op der Mess |
Buergermeeschter | Carlo Muller |
Awunner | 2.799 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 2.042 ha |
Héicht | 319 m |
Koordinaten |
49° 33’ 40’’ N 06° 00’ 25’’ O |
LAU-Code | LU0210 |
Websäit | https://reckange.lu/ |
D'Gemeng Reckeng op der Mess läit am Süde vum Land am Kanton Esch-Uelzecht an huet eng Gesamtfläch vun 20,42 km². Dovu sinn 56,6 ha mat Bësch bedeckt. D'Mess fléisst duerch d'Uertschafte Reckeng op der Mess, Éileng a Wickreng[1].
1784 hu sech d'Uertschafte Éileng, Lampech, Piisseng, Reckeng op der Mess, Riedgen a Wickreng zesummegedoe fir d'Gemeng Reckeng op der Mess ze forméieren. Vun 1823 un huet och Leideleng zur Gemeng gehéiert, éier den 1. Juli 1856 (Gesetz vum 3. Mäerz 1856) d'Sektioune Leideleng a Schléiwenhaff vun der Gemeng Reckeng ofgetrennt goufe fir eng eegestänneg Gemeng Leideleng ze forméieren[2][3].
Quell:STATEC
Den 8. Dezember 2010 hunn an der Gemeng 2 173 Persoune gewunnt, dovun 1120 Fraen (51,5 %) an 1053 Männer (48,5 %). Déi meescht Awunner ware Lëtzebuerger; déi gréisst auslännesch Communautéit hunn d'Portugise mat 105 Persounen (4,8 % vun der Gesamtbevëlkerung) gestallt.
532 Persounen (24,5 %) ware méi jonk wéi 20 Joer an 432 Persounen (19,9 %) ware méi al wéi 60 Joer.
D'Haaptuertschaft Reckeng op der Mess hat mat 825 Awunner déi meescht Awunner an der Gemeng, virun Éileng (493 Awunner), Lampech (353 Awunner), Riedgen (333 Awunner), Piisseng (85 Awunner) a Wickreng (84 Awunner).[1]
Rang | Nationalitéit | Awunner | Rang | Nationalitéit | Awunner |
---|---|---|---|---|---|
1 | Lëtzebuergesch | 1712 | 7 | Brittesch | 23 |
2 | Portugisesch | 105 | 8 | Hollännesch | 22 |
3 | Franséisch | 92 | 9 | US-amerikanesch | 14 |
4 | Italieenesch | 53 | 10 | Polnesch | 8 |
5 | Däitsch | 48 | Aner Nationalitéiten | 53 | |
6 | Belsch | 43 | Total | 2173 |
Beschreiwung: tranché d'argent et de sable par une bande ondée et coticés d'azur et d'argent de quatre pièces, accompagnée en chef de trois merlettes de sable posées 2,1 et en pointe d'une croix ancrée d'or. D.C. 25. September 1980 - A.M. 6. November 1980 - Mémorial B 1980, Säit 1144 - Projet: Marcel Lenertz 1980 Am Wope sinn d'Emailer vun den dräi Hären déi jeeweils eng Zäit Meeschter zu Reckeng waren, an zwar déi Lampecher [de sable à la croix ancrée d'or], déi Reckener [de sable à bande d'argent] an déi Wickrenger [d'argent à tois merlettes de sable]. Um Kapp gouf de Wope vun de Wickrenger iwwerholl an op der Spëtzt dee vun de Lampecher. Déi blo queesch Well symboliséiert d'Mess déi duerch d'Gemeng leeft. |
De Gemengerot vun der Gemeng Reckeng op der Mess gëtt nom Majorzsystem gewielt.
D'Gemeng Reckeng op der Mess ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Commons: Gemeng Reckeng op der Mess – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.