Gamma-Doradus-Stär

From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads
Remove ads

Gamma-Doradus-Stären oder och Gamma-Doradus-Verännerlecher si pulsatiounsverännerlech Stären, déi duerch netradial Pulsatiounen op der Uewberfläch an hirer Liichtkraaft variéieren. Sou Stäre sinn typescherweis jonk, leien op der Haaptrei an hunn e Spektraltyp vun tëscht F0 an F2. Charakteristesch Amplitudë vun den Hellegkeetsschwankunge leie bei bis zu 0,1 magnitude mat Perioden tëscht 0,4 an 3 Deeg.

De Prototyp Gamma Doradus gouf 1963 als verännerleche Stär identifizéiert an huet laang als Verännerlechen ouni Grond gezielt. Datt netradial Schwéngungen d'Ursaach vum Liichtwiessel sinn, berout um Ausschloss vun allen anere bekannte Mechanismen.

Déi absolut Hellegkeete vu Gamma-Doradus-Stäre leien tëscht +3,1 a +1,9 mag, wat der 5- bis 15-facher Sonneliichtkraaft entsprécht. Déi effektiv Temperatur läit am Beräich tëscht 6950 an 7350 K, de Radius tëscht 1,43 an 2,36 Sonneradien an d'Mass tëscht 1,51 an 1,84 Sonnemassen. Déi obsevéiert Radialvitesse sinn onbedeitend a leien tëscht 1 a 4 km/s.

All Gamma-Doradus-Verännerlecher leien op oder liicht iwwer der Haaptrei knapps baussenzeg oder um bloe Rand vun der Instabilitéitssträif. Mam schmuele Band vu Parametere gëlle si als déi homogeenst Grupp ënner de verännerleche Stären. An hirer Positioun am Hertzsprung-Russell-Diagramm iwwerlagere sech d'Gamma-Doradus-Verännerlecher an d'Delta-Scuti-Stären deelweis. En ettlech Stäre kéinte souwuel als Delta-Scuti-Stär wéi och als Gamma-Doradus-Stär klassifizéiert ginn (Hybrid Pulsatoren), well si Perioden an der Gréisstenuerdnung vun Deeg hunn, déi charakteristesch fir Gamma-Doradus-Stäre sinn, a kuerzperiodesch Schwéngunge mat Zäite vu Minutte bis Stonnen, déi typesch fir Delta-Scuti-Stäre sinn.

D'Grupp vun den entdeckte Gamma-Doradus-Verännerlecher ass relativ kleng, an all bekannt Membere gehéieren zu der jonker Scheiwepopulatioun. No enger theoreetescher Aarbecht kann et sech bei Gamma-Doradus-Stären entweeder ëm Haaptreie-Stären handelen oder ëm grad gebuere Stären, déi d'Gamma-Doradus-Instabilitéitssträif duerchkräizen. Dës béid Aarten ënnerscheede sech an hirer Mass an an der Déift vun der baussenzeger Konvektiounsschicht. Déi Ënnerscheeder sollte sech am Frequenzspektrum nidderschloen, sou datt eng Altersbestëmmung mat Hëllef vun der Asteroseismologie méiglech ass.

Remove ads

Lëscht

Méi Informatiounen Numm, Stärebild ...
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads