Remove ads
Stärebild From Wikipedia, the free encyclopedia
De Schlaangendréier (Latäin: Ophiuchus) ass e Stärebild um Himmelsequator.
Date vum Stärebild Ophiuchus | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Schlaangendréier |
Laténgeschen Numm | Ophiuchus |
Laténgesche Geenitiv | Ophiuchi |
Laténgesch Ofkierzung | Oph |
Rektaszensioun | 16h 01m bis 18h 45m |
Deklinatioun | -30° 12' bis +14° 23' |
Fläch | 948 |
Siichtbar op de Breedegraden | 80° Nord bis 80° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa | Summer |
Zuel vun de Stäre mat Gréisst < 3m | 5 |
Hellste Stär Gréisst | Ras Alhague (α Ophiuchi), 2,08m |
Meteorstréim | Ophiuchiden |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Hercules Serpens (Kapp) Libra Scorpius Sagittarius Scutum Serpens (Schwanz) |
. |
De Schlaangendréier ass e grousst, awer wéineg opfällegt Stärebild um Summerhimmel. Well seng Stäre wäit ausernee gezunn a wéineg markant sinn, ass et net ganz einfach, dat Stärebild tëscht dem Hercules an dem Scorpius ze fannen.
Duerch de westlechen Deel zitt d'Band vun der Mëllechstrooss.
Och wann d'Ekliptik duerch de Schlaangendréier verleeft an d'Sonn sech do méi laang ophält (vum 30. November bis den 18. Dezember) wéi am Nopeschstärebild Skorpioun, gehéiert et net zu den Déierekreeszeechen. D'Stärebild vum Skorpioun war an der Antiquitéit méi grouss, deemools hunn och seng "Schéieren" dozou gehéiert.
De Schlaangendréier (Ophiuchus) gehéiert zu den 48 Stärebiller vun der Antiquitéit, déi scho vum Ptolemäus beschriwwe goufen.
Am Ophiuchus liicht déi hell Supernova 1604.
B | F | Numm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
α | 55 | Ras Alhague | 2,08m | 47 | A5 II |
η | 35 | Sabik | 2,43m | 84 | A2.5 Va |
ζ | 13 | Han | 2,54m | 458 | O9.5 V |
δ | 1 | Yed Prior | 2,73m | 170 | M1 III |
β | 60 | Cebalrai | 2,76m | 82 | K2 III |
κ | 27 | 3,19 m | 86 | K2 IIIvar | |
ε | 2 | Yed Posterior | 3,23m | 108 | G8 III |
θ | 42 | 3,27m | 563 | B2 IV | |
ν | 64 | 3,32m | 153 | K0 III | |
72 | 3,71m | 83 | A4 IVs | ||
γ | 62 | 3,75m | 95 | A0 V | |
λ | 10 | Marfik | 3,82m | 166 | A2 V |
67 | 3,93m | 1418 | B5 Ib | ||
70 | 4,03m | 17 | K0 V SB | ||
44 | 4,16m | 84 | A3 IVm | ||
χ | 7 | 4,2 bis 5,0m | 489 | B2 Vne | |
45 | 4,28m | 111 | F3 III | ||
φ | 8 | 4,29m | 210 | G8 / K0 III | |
HR 6401 | 4,33m | 20 | K2 III | ||
σ | 49 | 4,34m | 1173 | K3 IIvar | |
ι | 25 | 4,39m | 234 | B8 V | |
ξ | 40 | 4,39m | 57 | F2 / F3V | |
68 | 4,42m | 265 | A2 Vn | ||
ω | 9 | 4,45m | 175 | Ap | |
ψ | 4 | 4,48m | 178 | K0 III | |
HR 6493 | 4,53m | 98 | F3 V | ||
ρ | 70 | 4,57m | 394 | B2 V | |
μ | 57 | 4,58m | 549 | B8 II-III MNp | |
υ | 64 | 4,62m | 122 | A3m | |
71 | 4,64m | 238 | G8 III-IV | ||
20 | 4,64m | 121 | F7 IV | ||
41 | 4,72m | 218 | K2 III | ||
τ | 69 | 4,77m | 170 | F5 V | |
51 | 4,78m | 426 | A0 V | ||
66 | 4,79m | 677 | B2 Ve | ||
30 | 4,82m | 402 | K4 III | ||
74 | 4,85m | 269 | G8 III | ||
58 | 4,86m | 57 | F6 / F7V | ||
HR 6196 | 4,91m | 391 | G8 II/III | ||
e | 5,03m | 691 | K4 II-III | ||
ο | 39 | 5,14m | 363 | K | |
23 | 5,23m | 248 | K2 III | ||
HR 6128 | 5,24m | 507 | M2 comp | ||
43 | 5,30m | 600 | K4 / K5III | ||
HR 6516 | 5,31m | 54 | G8 IV-V | ||
37 | 5,32m | 777 | M2III | ||
HR 6985 | 5,38m | 127 | F5 III | ||
HR 6136 | 5,41m | 423 | K4 IIIp | ||
HR 6857 | 5,41m | 147 | K2 III | ||
HR 6507 | 5,41m | 206 | A8 V | ||
HR 6987 | 5,43m | 103 | F3 V | ||
HR 6375 | 5,43m | 132 | F5 IV | ||
HR 6686 | 5,44m | 426 | G9 III | ||
HR 6800 | 5,50m | 412 | K2 III | ||
Feilstär vum Barnard | 9,5m | 5,9 |
Den β Ophiuchi ass 84 Liichtjoer vun eis ewech, hie liicht orange an ass e Stär vun der Spektralklass K2 III. Den Numm Cebalrai ass arabesch a bedeit „Schéiferhond“.
Den δ Ophiuchi ass ee roudelzege Stär mat der Spektralklass M1 III op enger Distanz vun 170 Liichtjoer.
Den Numm Yed Prior ass aus dem arabeschen an dem Latäin zesummegesat a bedeit „viischt Hand“.
De giele Stär ε Ophiuchi ass 108 Liichtjoer ewech.
Säin Numm Yed Posterior bedeit „hënnescht Hand“.
De Feilstär vum Barnard ass dee Stär mat der gréisster Eegebeweegung. Pro Joer leet hien eng Distanz vun 10 Bousekonnen zeréck. An honnert Joer sinn dat ongeféier 15 Bouminutten, dat ass een hallwe Vollmoundduerchmiesser um Himmel. De Barnard-Stär ass nëmme 5,9 Liichtjoer vun eis ewech an no dem Alpha Centauri-System den noosten Noper vun der Sonn. Hie beweegt sech weider op eist Sonnesystem zou a wäert a ronn 10.000 Joer op enger Distanz vu véier Liichtjoer laanscht zéien. De Barnard-Stär ass ee liichtschwaache rouden Zwergstär. Seng Liichtkraaft huet nëmmen 1/2500 vun där vun eiser Sonn.
System | Gréissten | Ofstand |
---|---|---|
α | 2,08 / 7m | |
λ | 4,2 / 5,2m | 1,5" |
τ | 5,2 / 5,9m | 1,8" |
61 | 6,2 / 6,6m | 7,1" |
70 | 4,2 / 6,0m | 4,3" |
Den α Ophiuchi ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vu 47 Liichtjoer. De Haaptstär ass ee wäissbloe Stär mat der Spektralklass A5 III mat der 26facher Liichtkraaft vun eiser Sonn. Säi Begleeder huet huet déi 7. Gréissteklass, an ëmkreest den Haaptstär an 8,7 Joer.
Den arabeschen Numm Ras Alhague leet sech of vu Kapp vum Schlaangebeschwörer.
D'System ηOphiuchi ass 84 Liichtjoer ewech. Zwéi wäiss Stären ëmkreese sech an engem kuerzen Ofstand. Den arabeschen Numm Sabik bedeit „deen, dee virdru geet“.
Stär | Gréisst | Period | Typ |
---|---|---|---|
χ | 4,2 bis 5,0m | onreegelméisseg Verännerlechen | |
RS | 4,5 bis 12,5m | Nova |
Den χOphiuchi ass een onreegelméisseg verännerleche Stär op enger Distanz vu 489 Liichtjoer.
Den RS Ophiuchi ass e Verännerleche vum Typ „zeréckkommend Nova“. Dee rouden Zwergstär ass 12,5m hell. An onreegelméissegen Ofstänn vu ronn 20 bis 30 Joer weist hien dramatesch Hellegkeetsausbréch, sou wéi an de Joren 1898, 1933, 1958, 1967, 1985, an 2006.
Messier (M) | NGC | divers | Gréisst | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
9 | 6333 | 8m | Kugelstärekoup | ||
10 | 6254 | 6,5m | Kugelstärekoup | ||
12 | 6218 | 6,5m | Kugelstärekoup | ||
14 | 6402 | 7,5m | Kugelstärekoup | ||
107 | 6171 | 8m | Kugelstärekoup | ||
NGC 6240 | Galaxie | ||||
NGC 6293 | 8,2m | Kugelstärekoup | |||
NGC 6304 | 8,4m | Kugelstärekoup | |||
NGC 6356 | 8,4m | Kugelstärekoup | |||
NGC 6366 | 10m | Kugelstärekoup | |||
NGC 6384 | 10,4m | Galaxie | |||
NGC 6572 | 8m | Planetareschen Niwwel | |||
NGC 6633 | 4,6m | Oppene Stärekoup | |||
IC 4665 | 6,5m | Oppene Stärekoup | |||
IC 4604 | ρ Oph | 4,6m | Reflexiounsniwwel | ||
Mel 186 | 3,0m | Oppene Stärekoup |
Am Schlaangendréier gëtt et eng Rei vu Kugelstärekéip, déi de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a sengem Katalog, dem Messier-Katalog, opgestallt huet.
Den M 10 läit op enger Distanz vu 15.000 Liichtjoer.
Den M 12 an den M 107 leien op enger Distanz vun 20.000 Liichtjoer.
Den M 9 an den M 14 sinn op enger Distanz vu 25.000 a 40.000 Liichtjoer.
Den IC 4665 ass een oppene Stärekoup op enger Distanz vun 1.200 Liichtjoer.
Den oppene Stärekoup Mel 186 ass mat enger totaler Hellegkeet vun 3,0 mag scho mat bloussem A ze fannen. Beim deem Stärekoup handelt et sech ëm dat net unerkannte Stärebild Kinnekleche Stéier vu Poniatowski.
Commons: Ophiuchus – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.