lëtzebuergesche Foussballspiller From Wikipedia, the free encyclopedia
De Furio Cardoni, gebuer den 28. November 1948, a gestuerwen den 5. Abrëll 2024 zu Esch-Uelzecht [1], war e lëtzebuergesche Foussballspiller.[2]
Furio Cardoni | |
---|---|
Gebuer | 28. November 1948 |
Gestuerwen |
5. Abrëll 2024 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Positioun oder Spezialitéit | Stiermer |
Veräin/Ekipp | US Rëmeleng |
Famill | |
Kanner | Manuel Cardoni |
Tëscht dem 31. Mäerz 1968 am 4. Januar 1970 huet de Furio Cardoni 4-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[3] Vun 1965 bis 1984 huet hien 286 Matcher fir d'US Rëmeleng an der Nationaldivisioun gespillt[4]. 1968 an 1975 konnt hien d'Coupe de Luxembourg mat sengem Veräi gewannen an huet an deenen zwou Finallen (1:0 an 2:0) all d'Goler geschoss.[5]
Säi Fils, de Manuel, war ee vun den erfollegräichste Foussballspiller vu Lëtzebuerg.
Mat sengem Brudder René huet hien zesumme bei der US Rëmeleng gespillt.
De Furio Cardoni ass de Cousin vum fréiere lëtzebuergesche Foussballprofi an Nationalspiller Nico Rohmann.[6]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.