Remove ads
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Seelbunn Pafendall-Kierchbierg besteet aus zwou sougenannte Standseelbunnen, déi zanter dem 10. Dezember 2017 de Pafendall mam Kierchbierg verbannen, an déi vun der CFL gebaut goufen a bedriwwe ginn.
Seelbunn Pafendall-Kierchbierg | ||
---|---|---|
Zuel vu Seelbunnen | 2 | |
System | Zweekabinnesystem mat Abt-Weichen | |
Streckelängt | 200 m | |
Pente | 19,7 % | |
Héichtendifferenz | 40 m | |
Vitess | 7 m/s | |
Dauer vum Trajet | 63 s | |
Standzäit | 105 s | |
Kabinnen | ||
Zuel | 4 | |
Dimensiounen | Längt Breet Héicht | 11,8 m 3,5 m (variabel) 2,6 m - 4,7 m |
Eidel Mass | 18 t | |
Plazen | 140 (normal) 168 (maximal) | |
Constructeur | Doppelmayr-Garaventa |
D'Streck leeft lénks nieft der Rouder Bréck a Richtung Kierchbierg gekuckt, an huet als Haaptzweck, d'Gare Pafendall-Kierchbierg an den Uelzechtdall mat der Tramshalt Rout Bréck - Pafendall vum Stater Tram uewen um Plateau ze verbannen, a sou de Kierchbierg mam ëffentlechen Transport méi einfach zougänglech ze maachen.
D'Weiche vun den zwou Seelebunne sinn an engem Tunnel, op hallwer Héicht vum Hank.
D'Kabinne vun der Seelbunn fueren an 63 Sekonnen erop- oder erof a stinn dann 105 Sekonnen. Well et zwou Seelbunne mat 4 Kabinne sinn, fiert ronn all Minutt eng Kabinn fort. An där Zäit, wou se steet, kënne maximal 168 Leit (normal: 140) an d'Kabinn respektiv aus der Kabinn klammen. Deemno kënne pro Kabinn bis zu 3.600 Persounen d'Stonn transportéiert ginn.[1]
Well op der Streck vun der Seelbunn Beem hu missen ewechgeholl ginn, goufen Ufank 2016 op engem Terrain zu Bierchem eng 2200 jonk Routbuchen als Kompensatiounsmoossnam geplanzt. D'Zuel vun de geplanzte Beem gouf no engem Punktesystem festgeluecht. D'CFL bleift sechs Joer zoustänneg fir den Ënnerhalt vum jonke Bësch.[2]
Mëtt Mäerz 2017 goufen d'Kabinne vun der Schwäizer Firma Garaventa geliwwert.[3]
Den 10. Dezember 2017 gouf de Funiculaire, zesumme mat der Linn T1 vum neie Stater Tram an der Gare Kierchbierg-Pafendall, a Betrib geholl.
Dat éischt Joer, wéi de Funiculaire a Betrib war, sinn eppes Klengs iwwer 1,5 Millioun Passagéier dermat transportéiert ginn.[4]
No 5 Joer Betrib huet den Transportministère d'Gesamtzuel vun de Passagéier op 7,5 Millioune chiffréiert, wat enger Moyenne vu 4.100 Leit den Dag entsprécht. Wiertes léich d'Passagéierzuel an der Dagesmoyenne bei enger 7.000.[5]
Commons: Funiculaire Pafendall-Kierchbierg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.