Gare Pafendall-Kierchbierg
Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Gare Pafendall-Kierchbierg ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit am Descherwee am Quartier Pafendall vun der Stad Lëtzebuerg, a Richtung Kierchbierg gekuckt, lénks ënner der Rouder Bréck am Uelzechtdall. Se ass den 10. Dezember 2017 als en Deel vum Pôle d'échange Rout Bréck opgaangen.
![]() D'Gare Pafendall-Kierchbierg (2018) | |
ass eng | Suedelgare |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 10. Dezember 2017 |
genannt no | Pafendall, Kierchbierg |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Pafendall |
Koordinaten | 49°37'8,000"N, 6°7'58,001"O |
Héicht i. M. | 258 m |
Reseau | |
Statiounscode | Pf-K |
Bedreiwer | CFL |
Reseau | CFL-Zuchreseau |
Linn(en) | CFL-Linn 1 |
P.K. | 19,100 km |
Gleiser mat Quai | 2 |
Nopeschstatioun(en) |
Gare Dummeldeng, Gare Lëtzebuerg |
Websäit | https://www.cfl.lu/de-DE/network/station/Gare-de-Pfaffenthal-Kirchberg |
|


D'Gare ass eng sougenannt Suedelgare d. h. si gouf iwwer d'Gleiser ewech gebaut, a ka mat engem Lift oder Trape vum Descherwee am Pafendall aus erreecht ginn. Fir och eng Verbindung mam Kierchbierger Plateau ze kréien, gouf gläichzäiteg direkt hannendrun, am Hank, eng Standseelbunn gebaut, déi uewen um Plateau, bei der Halt Rout Bréck-Pafendall, en Iwwergank op d'Tramslinn T1 an op eng Rëtsch Buslinnen erméiglecht.[1]
D'Gare Pafendall-Kierchbierg läit tëscht de Garë Lëtzebuerg an Dummeldeng a gehéiert zu follgende Linne vum CFL-Zuchreseau:
- Lëtzebuerg - Ettelbréck - Ëlwen - Gäilech (Gouvy) - (Léck - Liers),
- Lëtzebuerg - Ettelbréck - Dikrech,
- Rodange - Esch-Uelzecht - Lëtzebuerg - Ëlwen.
Geschicht
De Projet vun der Gare a vum Funiculaire gouf den 12. September 2011 vum Bauteminister Claude Wiseler virgestallt, als Deel vun der Strategie fir eng Nohalteg Mobilitéit (MoDu).[2]. Mat deem Konzept soll d'Zäit, fir op de Kierchbierg ze kommen, däitlech verkierzt ginn.[2].
Tëscht 2013 an 2014 goufen Etudë fir den Avant-projet gemaach, d'Finazéierungsgesetz gouf am Summer 2014 vun der Chamber gestëmmt.[3] D'Bauaarbechte fir d'Gare a fir de Funiculaire hunn am Mäerz 2015 ugefaangen.[4]. Am Mee 2015 goung et lass mat den Terrassementsaarbechten[5].
De Bau vum Garë-Gebai selwer goung am Mäerz 2016 lass. D'Käschte fir de Bau vun der Gare an dem Funiculaire ginn op zesummen eng 96 Milliounen Euro geschat.[2]
Bauphasen
- Januar 2016
- Januar 2017
- Abrëll 2017
- August 2017
Trafick
Zanter de 5. a 6. Quai an der Stater Gare fäerdeg sinn (Enn 2021), kënne méi Zich 'riicht duerch' fueren a sou d'Passagéier méi séier heihi bréngen.
An den éischten 11 Méint, an deenen d'Gare Pafendall-Kierchbierg a Betrib war, goufen am Ganzen 965.330 Passagéier do gezielt.[6]
Zich déi an der Gare halen
(Stand: Februar 2025)
Richtung Norden
Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Lëtzebuerg ↔ Ettelbréck ↔ Ëlwen ↔ Gäilech | ||||||
Lëtzebuerg | Lëtzebuerg | RB[7] RE | Dummeldeng | Ëlwen | ||
Lëtzebuerg | Lëtzebuerg | IC | Miersch | Gäilech - Léck - (Liers) | ||
Lëtzebuerg ↔ Ettelbréck ↔ Dikrech | ||||||
Lëtzebuerg | Lëtzebuerg | RB | Dummeldeng | Dikrech | ||
Rodange ↔ Esch-Uelzecht ↔ Lëtzebuerg ↔ Ëlwen | ||||||
Péiteng | Lëtzebuerg | RE | Dummeldeng | Miersch | ||
Rodange | Lëtzebuerg | RE | Dummeldeng | Ëlwen |
Richtung Süden
Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Gare Pafendall-Kierchbierg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- "Projet de la future Gare Kirchberg-Pfaffenthal (Pont Rouge)" op cfl.lu, 7 janvier 2015 (gekuckt: 08-01-2016).
- Aniamtiounsfilm vun den CFL, wéi dat Ganzt ausgesi soll,] op youtube.com (gekuckt: 09-02-2016).
Referenzen
- "Arrêt Kirchberg-Pfaffenthal (Pont Rouge)." Presentatioun vun der neier Gare, zesumme mam Funiculaire, op der Websäit vum Ministère fir Nohalteg Entwécklung an Infrastruktur, 02-03-2015 (gekuckt 08.01.2016).
- "Gare de Kirchberg-Pfaffenthal". op rail.lu (gekuckt: 18.10.2017
- "Infrastructure ferroviaire Projets 2015 – 2024 Exemple: Funiculaire Arrêt Kirchberg - Pfaffenthal." 18.09.2015. op mobiliteit.lu (gekuckt 18.10.2017).
- Jörg Tschürtz: "La gare du Pont rouge sur de bons rails." lessentiel.lu, 2.3.2015 (gekuckt: 18.10.2017).
- Thomas Holzer: "63 secondes pour aller du Pfaffenthal au Kirchberg." lessentiel.lu, 02.07.2015 (gekuckt: 18.10.2017)
- " 'La mobilité au Luxembourg va changer fondamentalement'." wort.lu, 10.12.2018.
- just zwéin Nuetszich de Weekend
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.